Froen an Äntwerten - Gemengewalen

Offiziell Walcampagne

Wéini fänkt déi offiziell Walcampagne un?

Déi offiziell Campagne an de Medie fänkt "an der Regel" 4 Woche virun de Gemengewalen un. 

Bréifwal

Wie ka mat Bréifwal wielen?

All d'Wieler, déi op de Wielerlëschte stinn, si fir d'Bréifwal bei de Gemengewalen zougelooss.

Wéi muss ee virgoen, fir mat Bréifwal kënnen ze wielen?

De Wieler, dee mat Bréifwal wëllt wielen, muss seng Gemeng doriwwer informéieren an säi Convocatiounsbréif elektronesch iwwer MyGuichet.lu, mat engem einfache Bréif oder mat engem virgedréckte Formulaire, deen en op senger Gemeng kritt, ufroen.

Wat muss an der Demande stoen, déi un d'Gemeng geriicht gëtt?

An der Demande mussen den Numm, de Virnumm, de Gebuertsdag, de Gebuertsuert an de Wunnsëtz vum Wieler stoen, gradesou wéi d'Adress, op déi de Convocatiounsbréif soll geschéckt ginn.

Wat sinn d'Delaien, déi mussen agehale ginn, fir d'Bréifwal fir d'Gemengewalen unzefroen?

Wann de Convocatiounsbréif soll op eng Lëtzebuerger Adress geschéckt ginn, muss d'Demande heifir elektronesch gemaach ginn oder se muss mat der Post un de Schäfferot adresséiert ginn, an dëst, fir gülteg ze sinn, fréistens 12 Wochen a spéitstens 25 Deeg virum Dag vun de Walen.

Wann de Convocatiounsbréif soll un eng Adress am Ausland geschéckt ginn, ass den Delai, fir d'Demande ze maachen, 40 Deeg virum Dag vun de Walen.

Wéini kritt een de Convocatiounsbréif geschéckt, nodeem een d'Bréifwal fir d'Gemengewalen ugefrot huet?

Wann den Demandeur d'Konditioune fir de Wieler erfëllt, schéckt de Schäfferot him de Convocatiounsbréif

  • spéitstens 15 Deeg virun de Walen, wann de Convocatiounsbréif soll op eng Lëtzebuerger Adress geschéckt ginn;
  • spéitstens 30 Deeg virun de Walen, wann de Convocatiounsbréif soll op eng Adress am Ausland geschéckt ginn.

De Convocatiounsbréif gëtt als ageschriwwene Bréif geschéckt.

Wann den Demandeur d'Konditioune fir d'Bréifwal net erfëllt, deelt de Schäfferot him de Refus mat

  • spéitstens 20 Deeg virun de Walen, wann de Convocatiounsbréif soll op eng Lëtzebuerger Adress geschéckt ginn,
  • spéitstens 35 Deeg virun de Walen, wann de Convocatiounsbréif soll op eng Adress am Ausland geschéckt ginn.

Wat steet am Convocatiounsbréif, deen een op d'Ufro fir d'Bréiwal kritt?

Am Convocatiounsbréif fënnt een d'Lëscht vun de Kandidaten an d'Instruktioune fir de Wieler, eng Walenveloppe an e Stëmmziedel, uerdnungsgeméiss gestempelt, gradesou wéi eng Enveloppe fir d'Zeréckschécke vun der Walenveloppe, op där "Elections – Vote par correspondance" steet, den Hiweis op de Walbüro, deen zoustänneg ass, an d'Nummer, den Numm, de Virnumm an d'Adress vum Wieler.

Wéi gëtt de Stëmmziedel ausgefëllt?

D'Wieler fëllen de Stëmmziedel konform zu den Instruktioune fir d'Wieler aus.

Wéi gëtt de Stëmmziedel zeréckgeschéckt?

De Stëmmziedel muss esou un de Walbüro zeréckgeschéckt ginn, wéi et am Convocatiounsbréif beschriwwen ass. Fir e fortzeschécken, stécht de Wieler säi gefaalte Stëmmziedel, mam Stempel no baussen, an d'Walenveloppe. Da stécht en dës Enveloppe an d'Enveloppe fir zeréckzeschécken a schéckt dat Ganzt als einfache Bréif fort.

D'Enveloppë mam Stëmmziedel mussen den Dag vun de Wale spéitstens um 14 Auer mëttes am Walbüro, deen zoustänneg ass, ukomm sinn.

Wielen

Wéi vill Gemengeconseillere gëtt et bei de Gemengewalen ze wielen?

D'Zuel vun de Gemengeconseilleren hänkt vun der Zuel vun de Gemengebierger of. Si ass ëmmer ongerued.

D'Gemengeréit, zu deenen och d'Memberen aus dem Schäfferot gehéieren, sinn deemno zesummegesat aus:

  • 7 Memberen an deene Gemengen, déi net méi ewéi 999 Awunner hunn;
  • 9 Memberen an de Gemenge mat 1.000 bis 2.999 Awunner;
  • 11 Memberen an de Gemenge mat 3.000 bis 5.999 Awunner;
  • 13 Memberen an de Gemenge mat 6.000 bis 9.999 Awunner;
  • 15 Memberen an de Gemenge mat 10.000 bis 14.999 Awunner;
  • 17 Memberen an de Gemenge mat 15.000 bis 19.999 Awunner;
  • 19 Memberen an de Gemenge mat 20.000 Awunner a méi; mat Ausnahm vum Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg, deen sech aus 27 Memberen zesummesetzt.

D'Zuel vun de Gemengeconseilleren an all Gemeng gëtt duerch e Règlement grand-ducal definéiert. Jiddwer Wieler däerf esou vill Stëmme verginn ewéi Conseilleren ze wiele sinn.

D'Zuel vun de Gemengeconseilleren an all Fusiounsgemeng gëtt duerch dat respektiivt Fusiounsgesetz definéiert.

Wat sinn déi 2 verschidde Walmodussen?

Jiddwer Gemeng oder Gemengesektioun, déi et a verschidde Fusiounsgemenge gëtt, bilt ee Walbezierk. All d'Wieler aus enger Gemeng droen zesummen zur Wal vun de Membere vum Gemengerot bäi.

An de Gemengen zu Lëtzebuerg mat manner ewéi 3.000 Awunner gëtt nom Majorzsystem gewielt. Jiddwer Wieler däerf esou vill Stëmme verginn, ewéi et Conseillere fir an de Gemengerot ze wiele gëtt. De Wieler stëmmt, andeem en e Kräiz (+ oder x) an d'Case mécht, déi niewent dem Numm vun all Kandidat steet, deen hie wielt.

An de Gemenge mat op d'mannst 3.000 Awunner gëtt nom Proporzsystem gewielt. Jiddwer Wieler däerf esou vill Stëmme verginn, ewéi et Conseilleren ze wiele gëtt. Hie kann all Kandidat zwou Stëmme ginn, ouni awer iwwer den Total vu Stëmmen, déi en zur Verfügung huet, erauszegoen. De Wieler, deen de wäisse Krees uewen op der Lëscht schwäerzt, stëmmt dës Lëscht an hirer Gesamtheet a gëtt domat all Kandidat op der Lëscht eng Stëmm. Jiddwer Kräiz (+ oder x), dat an enger Case hanner dem Numm vun de Kandidate steet, zielt als Stëmm fir deejéinege Kandidat.

Muss ech wielen?

De Vott ass obligatoresch fir all d'Wieler, déi an de Wielerlëschten ageschriwwe sinn. D'Wieler kënnen sech net vertriede loossen. Et däerf kee stëmmen, deen net bis de 87ten Dag virum Dag vun de Walen op de Wielerlëschte steet, mat der Ausnahm vun deenen Aschreiwungen, déi opgrond vun enger Reklamatioun erakommen oder duerch d'Ausübe vun engem Rechtsmëttel, dat vum Gesetz virgesinn ass. D'Lëtzebuerger ginn automatesch an d'Wielerlëscht vun hirer Gemeng agedroen, esoubal se déi gefuerdert Konditiounen erfëllen, déi d'Gesetz virschreift, fir däerfen ze wielen. Vum Gesetz hir entschëllegt sinn déi Wieler, déi, den Ament vun de Walen, hire Wunnsëtz an enger anerer Gemeng hunn ewéi déi, an där se opgeruff sinn, wielen ze goen an d'Wieler, déi iwwer 75 Joer al sinn.

Als Lëtzebuerger mat Wunnsëtz am Ausland, däerf ech do wiele goen?

Fir bei de Gemengewalen däerfen ze wielen, muss e Lëtzebuerger säi Wunnsëtz zu Lëtzebuerg hunn.

Wat muss ee maachen, wann een den Dag vun de Walen net ka wiele goen?

Déijéineg, déi net kënnen un der Wal deelhuelen, mussen dem Procureur d'Etat, deen territorial fir si zoustänneg ass, de Grond matdeelen, mat den néidege Beleeger, firwat si net kënne wiele goen. Ass de Fait, datt een net wiele geet, net justifiéiert, gëtt ee mat enger Geldbouss bestrooft. Am Fall vun enger Widderhuelung verschäerft sech d'Strof.

Vum Gesetz hier entschëllegt sinn:

  • déi Wieler, déi, den Ament vun de Walen, hire Wunnsëtz an enger anerer Gemeng hunn, ewéi déi, an där se opgeruff sinn, wielen ze goen;
  • d'Wieler, déi méi ewéi 75 Joer al sinn.

Gëtt et d'Méiglechkeet, fir iwwer eng Procuratioun wielen ze loossen?

Nee, kee Wieler, deen an enger Wielerlëscht agedroen ass, däerf sech vertriede loossen.

Wat sinn d'Konsequenzen, wann een net wiele geet (Geldbouss)?

Wann een eng éischte Kéier ongerechtfäerdegt net wiele geet, kann ee mat enger Geldbouss vun 100 bis 250 Euro bestrooft ginn. Bei enger Widderhuelung an de fënnef éischte Joer no där Veruerteelung läit d'Geldbouss bei 500 bis 1.000 Euro.

Wien ass vum Vott ausgeschloss?

Et kënne weder wielen, nach sinn se eligibel:

  • strofrechtlech Veruerteelter;
  • Persounen, déi opgrond vun enger Veruerteelung vum Geriicht hiert Walrecht verluer hunn;
  • Erwuessener, déi ënner Tutelle stinn.

Wéini gëtt e Stëmmziedel als ongülteg ugesinn?

Ongülteg si Stëmmziedelen, déi net esou sinn ewéi déi, déi vum Gesetz virgesi sinn; déi, op deene méi Stëmmen ofgi goufen ewéi Conseilleren ze wiele sinn; déi, deenen hir Form a Gréisst verännert goufen, tëschent deenen e Pabeier oder e Géigestand stécht, oder op deenen den Auteur duerch en Zeechen, eppes, wat en duerchsträicht oder duerch eng Markéierung, déi vum Gesetz hir net zougelooss ass, sech kéint ze erkenne ginn. Déi ongülteg a wäiss Stëmmziedele gi beim Festleeë vun der Stëmmenzuel net berücksichtegt.

Gëtt et den elektronesche Vott zu Lëtzebuerg?

Nee, den elektronesche Vott gëtt et net zu Lëtzebuerg.

Wallëschten

Wat sinn d'Konditiounen, fir bei de Gemengewalen däerfen ze wielen?

Fir bei de Gemengewalen däerfen ze wielen, muss een:

  • um Dag vun de Walen 18 Joer al sinn;
  • iwwer seng biergerlech Rechter verfügen a weiderhin säi Walrecht hunn am Land, an deem een säi Wunnsëtz huet oder aus deem een hierkënnt. Dës lescht Konditioun gëllt allerdéngs net fir Net-Lëtzebuerger, déi an hirem Hierkonftsland hiert Walrecht verluer hunn, well se hire Wunnsëtz net méi an deem Land hunn, aus deem se hierkommen;
  • fir d'Lëtzebuerger, hire Wunnsëtz zu Lëtzebuerg hunn;
  • fir e Staatsbierger aus engem anere Memberstaat vun der europäescher Unioun, säi Wunnsëtz zu Lëtzebuerg hunn an dat schonn zanter op d'mannst fënnef Joer, wouvun dat lescht Joer, dat just virun der Aschreiwungsdemande fir op d'Wielerlëscht läit, net däerf ënnerbrach gi sinn;
  • fir soss en auslännesche Staatsbierger, säi Wunnsëtz zu Lëtzebuerg hunn an dat schonn zanter op d'mannst fënnef Joer, wouvun dat lescht Joer, dat just virun der Aschreiwungsdemande fir op d'Wielerlëscht läit, net däerf ënnerbrach gi sinn.

Ausgeschloss vun de Walen an net zum Vott zougelooss, sinn:

  • strofrechtlech Veruerteelter;
  • Persounen, déi opgrond vun enger Veruerteelung vum Geriicht hiert Walrecht verluer hunn;
  • Erwuessener, déi ënner Tutelle stinn.

Ënner wat fir engem Numm sinn ech an der Wielerlëscht agedroen?

Wieler, déi bestuet oder Wittfra oder -mann sinn, sinn ënner hirem Numm a Virnumm ageschriwwen - Meederchersnumm fir d'Fraen - mat hannendrun, wann dat erwënscht ass, dem Zousaz Mann oder Fra, Wittmann oder Wittfra, an dann dem Numm an dem Virnumm vum Conjoint.

Wéi kann een eng Reklamatioun zu de Wielerlëschten areechen?

87 Deeg virum Dag vun de Wale ginn d'Wielerlëschte vum Schäfferot provisoresch zougemaach. D'Lëschte gi fir d'Leit zougänglech gemaach, vum 86ten-79ten Dag virum Dag vun de Walen, sief et am Sekretariat vun der Gemeng, sief et an de Raimlechkeeten, an deenen d'Sëtzunge vum Gemengerot stattfannen. Jiddwer Bierger ka bis spéitstens den 79ten Dag virum Dag vun de Walen all Reklamatioun, fir déi d'Wielerlëschten de Grond sinn, un de Schäfferot riichten.

En Avis invitéiert all Bierger, fir bis spéitstens den 79ten Dag virum Dag vun de Walen, géint eng Quittung, den Numm vun deemjéinege virzeleeën, deen net op der Lëscht, déi a Kraaft ass, ageschriwwen ass, obwuel en e Recht dorop huet. Am Avis gëtt och ernimmt, datt, fir virun der Cour administrative zoulässeg ze sinn, eng Reklamatioun zur Aschreiwung vun engem Wieler, am Virfeld, mat alle Beleeger, muss beim Schäfferot agereecht gi sinn.

Muss ech mech vun de Wielerlëschte vu menger Gemeng sträiche loossen, wann ech plënneren?

Nee. Wann ee plënnert, ass den Transfert vum Walrecht an déi nei Gemeng obligatoresch. De Buergermeeschter vun der Gemeng, aus där ee fortplënnert, deelt der Gemeng, an déi een hiplënnert, de Wiessel vum Wunnsëtz mat. De Buergermeeschter vun där neier Gemeng dréit de Wieler an d'Wielerlëscht vun sengem neie Wunnsëtz an. De Buergermeeschter vun der Gemeng, aus där e fortplënnert, sträicht de Wieler aus der Wielerlëscht vun dëser Gemeng.

Den Dag vun de Walen

A wat fir e Walbüro muss ech goen?

D'Schäfferéit schécken all Wieler de Convocatiounsbréif mat de Präzisioune vum Dag, den Ëffnungszäiten, während deene kann ofgestëmmt ginn, der Raimlechkeet, an där de Vott stattfënnt, an, wann et méi Büroe gëtt, deem bestëmmte Büro, an deem de Wieler opgeruff ass ofzestëmmen.

D'Convocatioun vun de Wieler gëtt, ënner anerem, an all Walbüro verëffentlecht.

Wéi sinn d'Ëffnungszäite fir wielen ze goen?

D'Wieler kënne vu moies 8 Auer bis nomëttes 14 Auer wiele goen.

Wéi eng Identitéitspabeiere muss ech um Waldag virleeën?

Den Dag vun de Wale muss de Wieler sech mat senger Identitéitskaart, sengem Pass, sengem Openthaltstitel oder senger Openthaltskaart am Walbüro presentéieren. D'Presentéiere vun der Convocatioun gëtt net verlaangt.

Kënne sech Wieler, déi kierperlech oder visuell behënnert sinn, un de Wale bedeelegen?

Wa feststeet, datt e Wieler kierperlech oder visuell behënnert ass, erlaabt de President him, sech vun engem Guide oder enger Hëllef begleeden ze loossen, an esouguer, déi d'Ofstëmmung maachen ze loossen, wann et dem Wieler net méi méiglech wier, se selwer ze maachen. Net Guide oder Hëllef vun engem kierperlech oder visuell behënnerte Wieler däerfe sinn: d'Walkandidaten, hir Elteren oder Famill bis zum 2. Grad inklusiv, d'Titulairë vun engem nationalen, europäeschen oder kommunale Walmandat, Persounen, déi net liesen oder schreiwe kënnen, gradesou wéi déi Persounen, déi ausgeschloss si vun de Walen, duerch d'Bestëmmunge vum Artikel 6 vum Walgesetz. Den Numm vum Wieler a vu sengem Guide oder senger Hëllef, gradesou wéi d'Natur vun der Behënnerung, déi virläit, mussen an de Protokoll gesat ginn.

De séibehënnerte Wieler däerf och un Hand vun engem taaschtbare Stëmmziedel wielen, deen hie vun där Organisatioun kritt, déi iwwer e Règlement grand-ducal bestëmmt gouf. De séibehënnerte Wieler, deen sech ouni den taaschtbare Stëmmziedel presentéiert, kann op dee Modell zeréckgräifen, deen de Walbüro zur Verfügung stellt an deen de President nom Vott muss erëmkréien. E Member vum Büro däerf de séibehënnerte Wieler an eng Kabinn begleeden, fir him ze hëllefen, de Stëmmziedel an den taaschtbare Stëmmziedel ze stiechen. 

Vott vun den Net-Lëtzebuerger Wieler

Ech sinn Net-Lëtzebuerger an ech hu bei de leschte Gemengewale gewielt, muss ech mech op en Neits aschreiwen?

Esoubal en auslännesche Staatsbierger op enger Wielerlëscht steet, bleift en zu deeneselwechte Konditioune wéi de Lëtzebuerger Wieler op där Lëscht (wann e plënnert, brauch en sech also net nei an d'Wielerlëscht anzeschreiwen), bis zu deem Moment, wou e freet, fir vun der Lëscht gestrach ze ginn oder well en automatesch gestrach gëtt, well en d'Konditiounen, déi fir d'Walrecht verlaangt ginn, net méi erfëllt.

Kann ech mech als auslännesche Staatsbierger, mat Wunnsëtz zu Lëtzebuerg, vun der Wielerlëscht sträiche loossen?

De Wieler, dee wëllt vun der Wielerlëscht gestrach ginn, muss eng schrëftlech Demande un de Schäfferot riichten an eng Kopie vu sengen Identitéitspabeieren (Carte d'identité oder Pass) matschécken.

Aktualiséiert