Instruktioune fir d'Wieler

Europawalen

All Wieler däerf esou vill Stëmme verginn ewéi Europa-Deputéiert zu Lëtzebuerg ze wiele sinn, also 6.

De Vott kann entweder duerch eng Lëschtestëmm oder duerch d'Wiele vu perséinleche Stëmmen ausgedréckt ginn.

De Wieler, dee mat enger Lëschtestëmm wielt, ka keng weider Stëmm ofginn, ausser d'Lëscht, déi hie geschwäerzt huet, huet manner Kandidaten ewéi d'Zuel vun Deputéiert, déi a sengem Walbezierk ze wiele sinn.

Deejéinegen, deen eenzel Kandidate wielt, däerf déi op enger eenzeger Lëscht oder op verschiddene Lëschten auswielen, ouni dobäi awer méi Stëmmen ze verginn ewéi Sëtz zur Verfügung stinn.

Hie kann all Kandidat zwou Stëmme ginn, ouni awer iwwer den Total vu Stëmmen, déi en zur Verfügung huet, erauszegoen.

Doduerch, datt en de wäisse Krees uewen op der Lëscht schwäerzt oder e Kräiz dramécht (+ oder x), stëmmt de Wieler dëser Lëscht an hirer Gesamtheet zou a gëtt domat jiddwer Kandidat op der Lëscht eng Stëmm. Jiddwer Kräiz (+ oder x), dat an enger Case hanner dem Numm vun de Kandidate steet, zielt als Stëmm fir deejéinege Kandidat.