Instruktioune fir d'Wieler

Gemengewalen

Majoritär Ofstëmmung

An de Gemengen zu Lëtzebuerg mat manner ewéi 3.000 Awunner gëtt nom Majorzsystem gewielt.

Jiddwer Wieler däerf esou vill Stëmme verginn, ewéi et Conseillere fir an de Gemengerot ze wiele gëtt.

De Wieler stëmmt, andeem en e Kräiz (+ oder x) an d'Case mécht, déi niewent dem Numm vun all Kandidat steet, deen hie wielt.

Proportional Ofstëmmung

An de Gemenge mat op d'mannst 3.000 Awunner gëtt nom Proporzsystem gewielt.

Jiddwer Wieler däerf esou vill Stëmme verginn, ewéi et Conseilleren ze wiele gëtt. Jiddwer Kräiz (+ oder x), dat an enger Case hanner dem Numm vun de Kandidate steet, zielt als Stëmm fir deejéinege Kandidat. Hie kann all Kandidat zwou Stëmme ginn, ouni awer iwwer den Total vu Stëmmen, déi en zur Verfügung huet, erauszegoen.

De Wieler, deen de wäisse Krees uewen op der Lëscht schwäerzt, stëmmt dës Lëscht an hirer Gesamtheet a gëtt domat all Kandidat op der Lëscht eng Stëmm.