Froen an Äntwerten - Europawalen

Offiziell Walcampagne

Wéini fänkt déi offiziell Walcampagne un?

Déi offiziell Campagne an de Medie fänkt "an der Regel" fënnef Woche virun den Europawalen un.

Bréifwal

Wie ka mat Bréifwal wielen?

All d'Wieler, déi op de Wielerlëschte stinn, si fir d'Bréifwal bei den Europawalen zougelooss.

Wéi muss ee virgoen, fir mat Bréifwal kënnen ze wielen?

De Wieler, dee mat Bréifwal wëllt wielen, muss seng Gemeng doriwwer informéieren an säi Convocatiounsbréif elektronesch iwwer MyGuichet.lu, mat engem einfache Bréif oder mat engem virgedréckte Formulaire, deen en op senger Gemeng kritt, ufroen. 

U wat fir eng Gemeng muss een sech riichten?

De Wieler muss sech un déi Lëtzebuerger Gemeng riichten, an där en ugemellt ass. Als Gemeng, an där een ugemellt ass, gëllt:

  • d'Gemeng, an där ee säi Wunnsëtz huet,
  • soss, d'Gemeng, an där ee säi leschte Wunnsëtz hat,
  • soss, d'Gemeng, an där een op d'Welt komm ass,
  • soss, d'Stad Lëtzebuerg.

Wat muss an der Demande stoen, déi un d'Gemeng geriicht gëtt?

An der Demande mussen den Numm, de Virnumm, de Gebuertsdag, de Gebuertsuert an de Wunnsëtz vum Wieler stoen, gradesou wéi d'Adress, op déi de Convocatiounsbréif soll geschéckt ginn.

All Persoun mat Wunnsëtz am Ausland muss eng Kopie vun hirer gülteger Identitéitskaart oder hirem gültege Pass mat ofginn.

An dëser schrëftlecher an ënnerschriwwener Deklaratioun muss den Demandeur ënner Eed deklaréieren, datt en d'Walrecht net oferkannt krut.

Wat sinn d'Delaien, déi mussen agehale ginn, fir d'Bréifwal fir d'Europawalen unzefroen?

Wann de Convocatiounsbréif soll op eng Lëtzebuerger Adress geschéckt ginn, muss d'Demande heifir elektronesch gemaach ginn oder se muss mat der Post un de Schäfferot adresséiert ginn, an dëst, fir gülteg ze sinn, fréistens 12 Wochen a spéitstens 25 Deeg virum Dag vun de Walen.

Wann de Convocatiounsbréif soll un eng Adress am Ausland geschéckt ginn, ass den Delai, fir d'Demande ze maachen, 40 Deeg virum Dag vun de Walen.

Wéini kritt een de Convocatiounsbréif geschéckt, nodeem een d'Bréifwal fir d'Europawalen ugefrot huet?

Wann den Demandeur d'Konditioune fir de Wieler erfëllt, schéckt de Schäfferot him de Convocatiounsbréif

  • spéitstens 15 Deeg virun de Walen, wann de Convocatiounsbréif soll op eng Lëtzebuerger Adress geschéckt ginn;
  • spéitstens 30 Deeg virun de Walen, wann de Convocatiounsbréif soll op eng Adress am Ausland geschéckt ginn.

De Convocatiounsbréif gëtt als ageschriwwene Bréif geschéckt.

Wann den Demandeur d'Konditioune fir d'Bréifwal net erfëllt, deelt de Schäfferot him säi Refus mat

  • spéitstens 20 Deeg virun de Walen, wann de Convocatiounsbréif soll op eng Lëtzebuerger Adress geschéckt ginn,
  • spéitstens 35 Deeg virun de Walen, wann de Convocatiounsbréif soll op eng Adress am Ausland geschéckt ginn.

Wat steet am Convocatiounsbréif, deen een op d'Ufro fir d'Bréiwal kritt?

Am Convocatiounsbréif fënnt een d'Lëscht vun de Kandidaten an d'Instruktioune fir de Wieler, eng Walenveloppe an e Stëmmziedel, uerdnungsgeméiss gestempelt, gradesou wéi eng Enveloppe fir d'Zeréckschécke vun der Walenveloppe, op där "Elections – Vote par correspondance" steet, den Hiweis, ënne riets, op de Walbüro, deen zoustänneg ass, an uewe lénks, d'Nummer, den Numm, de Virnumm an d'Adress vum Wieler.

Wéi gëtt de Stëmmziedel ausgefëllt?

D'Wieler fëllen de Stëmmziedel konform zu den Instruktioune fir d'Wieler aus.

Wéi gëtt de Stëmmziedel zeréckgeschéckt, wann ee mat Bréifwal wielt?

De Stëmmziedel muss esou un de Walbüro zeréckgeschéckt ginn, wéi et am Convocatiounsbréif beschriwwen ass. Fir e fortzeschécken, stécht de Wieler säi gefaalte Stëmmziedel, mam Stempel no baussen, an d'Walenveloppe. Da stécht en dës Enveloppe an d'Enveloppe fir zeréckzeschécken a schéckt dat Ganzt als einfache Bréif fort.

D'Enveloppë mam Stëmmziedel mussen den Dag vun de Wale spéitstens um 14 Auer mëttes am Walbüro, deen zoustänneg ass, ukomm sinn.

Wielen

Wéi vill Lëtzebuerger Vertrieder fir d'Europaparlament kënne gewielt ginn?

Fir d'Europawale besteet eist Land aus engem eenzege Walbezierk. Well Lëtzebuerg 6 Sëtz am Europaparlament huet, huet all Wieler 6 Stëmmen.

Muss ech wielen?

De Vott ass obligatoresch fir all d'Wieler, déi an de Wielerlëschten ageschriwwe sinn. All d'Wieler, déi op de Wielerlëschte stinn, kréien automatesch eng Convocatioun a musse wiele goen. Allerdéngs sinn d'Wieler, déi méi ewéi 75 Joer hunn, net verflicht fir wielen ze goen, esouguer wann se eng Convocatioun kruten.

Sinn ech als Lëtzebuerger, dee säi Wunnsëtz am Ausland huet, verflicht fir wielen ze goen?

Lëtzebuerger, déi hire Wunnsëtz am Ausland hunn, sinn net verflicht, sech un de Walen ze bedeelegen. Si sinn allerdéngs mat Bréifwal fir d'Europawalen zougelooss, wann se d'Demande heifir maachen.

Wat muss ee maachen, wann een den Dag vun de Walen net ka wiele goen?

Déijéineg, déi net kënnen un der Wal deelhuelen, mussen dem Procureur d'Etat, deen territorial fir si zoustänneg ass, de Grond matdeelen, mat den néidege Beleeger, firwat si net kënne wiele goen. Ass de Fait, datt een net wiele geet, net justifiéiert, gëtt ee mat enger Geldbouss bestrooft. Am Fall vun enger Widderhuelung verschäerft sech d'Strof.

Vum Gesetz hier entschëllegt sinn:

  • déi Wieler, déi, den Ament vun de Walen, hire Wunnsëtz an enger anerer Gemeng hunn, ewéi déi, an där se opgeruff sinn, wielen ze goen;
  • d'Wieler, déi méi ewéi 75 Joer al sinn.

Gëtt et d'Méiglechkeet, fir iwwer eng Procuratioun wielen ze loossen?

Nee, kee Wieler, deen an enger Wielerlëscht agedroen ass, däerf sech vertriede loossen.

Däerf een zu Lëtzebuerg elektronesch wielen?

Nee, den elektronesche Vott ass zu Lëtzebuerg net erlaabt.

Wat sinn d'Konsequenzen, wann een net wiele geet (Geldboussen)?

Wann een eng éischte Kéier ongerechtfäerdegt net wiele geet, kann ee mat enger Geldbouss vun 100 bis 250 Euro bestrooft ginn. Bei enger Widderhuelung an de fënnef Joer no där Veruerteelung läit d'Geldbouss bei 500 bis 1.000 Euro.

Wéini gëtt e Stëmmziedel als ongülteg ugesinn?

Ongülteg si Stëmmziedelen, op deene méi Stëmmen ofgi goufen ewéi Kandidaten ze wiele sinn; déi, deenen hir Form a Gréisst verännert goufen, tëschent deenen e Pabeier oder e Géigestand stécht, oder op deenen den Auteur duerch en Zeechen, eppes, wat en duerchsträicht oder duerch eng Markéierung, déi vum Gesetz hir net zougelooss ass, sech kéint ze erkenne ginn. Déi ongülteg a wäiss Stëmmziedele gi beim Festleeë vun der Stëmmenzuel net berücksichtegt.

Wallëschten

Wat sinn d'Konditiounen, fir bei den Europawalen däerfen ze wielen?

Et ass keen zum Vott zougelooss, deen net an de Wielerlëschten ageschriwwen ass.

Wann d'Lëtzebuerger, déi hire Wunnsëtz zu Lëtzebuerg hunn, automatesch an de Wielerlëschten ageschriwwe sinn, esou hunn d'Staatsbierger aus engem anere Memberstaat vun der europäescher Unioun, déi sech un den Europawale wëlle bedeelegen, d'Recht unzefroen, fir an d'Wielerlëschte fir d'Europawalen ageschriwwen ze ginn, ënner der Konditioun:

  • datt se um Dag vun de Walen 18 Joer al sinn;
  • datt se hire Wunnsëtz zu Lëtzebuerg hunn an datt se den Ament vun der Aschreiwungsdemande fir op d'Wielerlëschten do gewunnt hunn;
  • datt se iwwer hir biergerlech Rechter verfügen a weiderhin hiert Walrecht zu Lëtzebuerg hunn an am Memberstaat, aus deem se hierkommen.

Si kënnen och d'europäesch Deputéiert aus hirem Hierkonftsland wielen. An dësem Fall mussen se sech mat de kompetenten Autoritéiten aus hirem Hierkonftsland a Verbindung setzen, besonnesch mat hire respektive Konsulater.

An, well keen zwee Mol bei den Europawalen däerf wielen, kënnen d'Staatsbierger aus engem anere Memberstaat aus der europäescher Unioun, déi sech an d'Wielerlëschte fir d'Wal vum Lëtzebuerger Vertrieder am europäesche Parlament ageschriwwen hunn, net och un der Wal vun de Parlamentarier aus hirem Hierkonftsland deelhuelen.

Wien ass vum Vott ausgeschloss?

Et kënne weder wielen, nach sinn se eligibel:

  • strofrechtlech Veruerteelter;
  • Persounen, déi opgrond vun enger Veruerteelung vum Geriicht hiert Walrecht verluer hunn;
  • Erwuessener, déi ënner Tutelle stinn.

Ënner wat fir engem Numm sinn ech an der Wielerlëscht agedroen?

Wieler, déi bestuet oder Wittfra oder -mann sinn, sinn ënner hirem Numm a Virnumm ageschriwwen - Meederchersnumm fir d'Fraen - mat hannendrun, wann dat erwënscht ass, dem Zousaz Mann oder Fra, Wittmann oder Wittfra, an dann dem Numm an dem Virnumm vum Conjoint.

Wéi kann een eng Reklamatioun zu de Wielerlëschten areechen?

87 Deeg virum Dag vun de Wale ginn d'Wielerlëschte vum Schäfferot provisoresch zougemaach. D'Lëschte gi fir d'Leit zougänglech gemaach, vum 86ten -79ten Dag virum Dag vun de Walen, sief et am Sekretariat vun der Gemeng, sief et an de Raimlechkeeten, an deenen d'Sëtzunge vum Gemengerot stattfannen. Jiddwer Bierger ka bis spéitstens den 79ten Dag virum Dag vun de Walen all Reklamatioun, fir déi d'Wielerlëschten de Grond sinn, un de Schäfferot riichten.

En Avis invitéiert all Bierger, fir bis spéitstens den 79ten Dag virum Dag vun de Walen, géint eng Quittung, den Numm vun deemjéinege virzeleeën, deen net op der Lëscht, déi a Kraaft ass, ageschriwwen ass, obwuel en e Recht dorop huet. Am Avis gëtt och ernimmt, datt, fir virun der Cour administrative zoulässeg ze sinn, eng Reklamatioun zur Aschreiwung vun engem Wieler, am Virfeld, mat alle Beleeger, muss beim Schäfferot agereecht gi sinn.

Muss ech mech vun de Wielerlëschte vu menger Gemeng sträiche loossen, wann ech plënneren?

Nee. Wann ee plënnert, ass den Transfert vum Walrecht an déi nei Gemeng obligatoresch. De Buergermeeschter vun der Gemeng, aus där ee fortplënnert, deelt der Gemeng, an déi een hiplënnert, de Wiessel vum Wunnsëtz mat. De Buergermeeschter vun där neier Gemeng dréit de Wieler an d'Wielerlëscht vun sengem neie Wunnsëtz an. De Buergermeeschter vun der Gemeng, aus där e fortplënnert, sträicht de Wieler aus der Wielerlëscht vun dëser Gemeng.

Den Dag vun de Walen

A wat fir e Walbüro muss ech goen?

D'Schäfferéit schécken all Wieler de Convocatiounsbréif mat de Präzisioune vum Dag, den Ëffnungszäiten, während deene kann ofgestëmmt ginn, der Raimlechkeet, an där de Vott stattfënnt, an, wann et méi Büroe gëtt, deem bestëmmte Büro, an deem de Wieler opgeruff ass ofzestëmmen.

D'Convocatioun vun de Wieler gëtt, ënner anerem, an all Walbüro verëffentlecht.

Wéi sinn d'Ëffnungszäite fir wielen ze goen?

D'Wieler kënne vu moies 8 Auer bis nomëttes 14 Auer wiele goen.

Wat fir eng Identitéitspabeiere muss ech um Dag vun de Wale virleeën?

Den Dag vun de Wale muss de Wieler sech mat senger Identitéitskaart, sengem Pass, sengem Openthaltstitel oder senger Openthaltskaart am Walbüro presentéieren. D'Presentéiere vun der Convocatioun gëtt net verlaangt.

Kënne kierperlech oder visuell behënnert Wieler sech un de Wale bedeelegen?

Wa feststeet, datt e Wieler kierperlech oder visuell behënnert ass, erlaabt de President him, sech vun engem Guide oder enger Hëllef begleeden ze loossen, an esouguer, déi d'Ofstëmmung maachen ze loossen, wann et dem Wieler net méi méiglech wier, se selwer ze maachen. Net Guide oder Hëllef fir e kierperlech oder visuell behënnerte Wieler däerfe sinn: d'Walkandidaten, hir Elteren oder Famill bis zum 2. Grad inklusiv, d'Titulairë vun engem nationalen, europäeschen oder kommunale Walmandat, Persounen, déi net liesen oder schreiwe kënnen, gradesou wéi déi Persounen, déi ausgeschloss si vun de Walen, duerch d'Bestëmmunge vum Artikel 6 vum Walgesetz. Den Numm vum Wieler a vu sengem Guide oder senger Hëllef, gradesou wéi d'Natur vun der Behënnerung, déi virläit, mussen an de Protokoll gesat ginn.

De séibehënnerte Wieler däerf och un Hand vun engem taaschtbare Stëmmziedel wielen, deen hie vun där Organisatioun kritt, déi iwwer e Règlement grand-ducal bestëmmt gouf. De séibehënnerte Wieler, deen sech ouni den taaschtbare Stëmmziedel presentéiert, kann op dee Modell zeréckgräifen, deen de Walbüro zur Verfügung stellt an deen de President nom Vott muss erëmkréien. E Member vum Büro däerf de séibehënnerte Wieler an eng Kabinn begleeden, fir him ze hëllefen, de Stëmmziedel an den taaschtbare Stëmmziedel ze stiechen.

Vott vun de Staatsbierger aus der europäescher Unioun

Ech sinn Net-Lëtzebuerger, mee Staatsbierger aus der europäescher Unioun, ech hu bei de leschten Europawale gewielt, muss ech mech op en Neits aschreiwen?

Déi auslännesch Staatsbierger, déi schonn op enger Wielerlëscht stinn, bleiwen op där Lëscht, zu deeneselwechte Konditioune wéi d'Lëtzebuerger Wieler, bis zu deem Moment, wou se froen, fir vun der Lëscht gestrach ze ginn oder well se automatesch gestrach ginn, well se d'Konditiounen, déi fir d'Walrecht verlaangt ginn, net méi erfëllen. Jiddwer Staatsbierger aus der europäescher Unioun, deen op enger Wielerlëscht steet, muss wielen. 

Kann ech mech als Staatsbierger aus der europäescher Unioun, mat Wunnsëtz zu Lëtzebuerg, vun der Wielerlëscht sträiche loossen?

D'Net-Lëtzebuerger Staatsbierger aus der europäescher Unioun kënne froen, fir vun der Wielerlëscht gestrach ze ginn. Si mussen sech heifir un hir Gemeng zu Lëtzebuerg riichten. Hiren Numm gëtt automatesch gestrach, wann se d'Konditiounen, déi fir d'Ausübe vum Walrecht verlaangt ginn (Plënneren), net méi erfëllen. Fir d'Lëtzebuerger ass de Vott obligatoresch.

Ass eng duebel Aschreiwung méiglech?

D'Staatsbierger aus der europäescher Unioun, déi hire Wunnsëtz zu Lëtzebuerg hunn an déi zu Lëtzebuerg op de Wielerlëschte stinn, kënnen sech net bei de Wale fir d'Europaparlament an hirem Hierkonftsland (mat Bréifwal) bedeelegen.

Aktualiséiert