-
Datum fir d'Chamberwalen 2023
D'Regierung wëll déi interesséiert Persounen doriwwer informéieren, datt, entspriechend dem Artikel 134 vum Walgesetz, d'Chamberwale Sonndes, den 8. Oktober 2023 stattfannen.
-
Resultat vun der Ënnerschrëftesammlung fir d'Organisatioun vun engem Referendum iwwert déi proposéiert Revisioun vun de Kapitele IV a Vbis vun der Verfassung
D'Iwwerpréiwung vun de Resultater vun der Ënnerschrëftesammlung vun all Gemeng ergëtt Follgendes.
-
Update: D'Demande vum Initiativkommitee fir d'Duerchféiere vun engem Referendum gouf akzeptéiert
De Premier- a Staatsminister Xavier Bettel huet haut decidéiert, dass d'Ufro fir d'Duerchféiere vun engem Referendum iwwer déi proposéiert Revisioun vun de Kapitele IV a Vbis vun der Verfassung, déi vum Initiativkommitee presentéiert gouf an de 27. Juli 2022 entgéintgeholl gouf, akzeptéiert gëtt, well dës de Bedéngunge vum ofgeännerte Gesetz vum 4. Februar 2005 entsprécht.
-
Areeche vun enger Ufro vun engem Initiativkommitee fir d'Duerchféiere vun engem Referendum iwwer déi proposéiert Revisioun vun de Kapitelen IV a Vbis vun der Verfassung
En Initiativkommitee huet haut, am Kader vun der Revisioun vun de Kapitelen IV a vun der Verfassung, beim Premier- a Staatsminister, Xavier Bettel, eng Ufro fir d'Organisatioun vun engem Referendum no Artikel 114 vun der Verfassung agereecht.
-
Upassung vum Gemengegesetz: D'Taina Bofferding freet sech, dass de Regierungsrot gréng Luucht ginn huet fir de Volet iwwert d'"Rechter a Flichte vun de Gemengepolitiker", deen als Haaptzil d'Promotioun vun der Lokalpolitik huet
Am Kader vun der Upassung vum Gemengegesetz, huet de Regierungsrot haut den Entworf vum Gesetzesprojet gestëmmt iwwert d'Rechter an d'Flichte vun de Gemengepolitiker a -politikerinnen.
-
Walrecht bei de Gemengewale fir all d'Residente vum Grand-Duché
D'Ministesch fir Famill an Integratioun, Corinne Cahen, d'Inneministesch Taina Bofferding, an d'Justizministesch, Sam Tanson, begréissen de Vott vu gëschter an der Chamber zum Gesetz fir d'Ännerung vum geännerte Walgesetz vum 18. Februar 2003.
-
Pressecommuniqué vum Premier- a Staatsminister betreffend d'Resultat vun der Ënnerschrëftesammlung fir d'Organisatioun vun engem Referendum iwwert déi proposéiert Revisioun vum Kapitel II vun der Verfassung
D'Iwwerpréiwung vun de Resultater vun der Ënnerschrëftesammlung vun all Gemeng ergëtt Follgendes.
-
Pressecommuniqué vum Premier- a Staatsminister betreffend d'Resultat vun der Ënnerschrëftesammlung fir d'Organisatioun vun engem Referendum iwwert déi proposéiert Revisioun vun de Kapitel I, II, III, V, VII, VIII, IX, X, XI an XII vun der Verfassung.
D'Iwwerpréiwung vun de Resultater vun der Ënnerschrëftesammlung vun all Gemeng ergëtt Folgendes:
-
Update: D'Demande vum Initiativkommitee fir d'Duerchféiere vun engem Referendum gouf akzeptéiert
De Premier- a Staatsminister Xavier Bettel huet haut decidéiert, dass d'Ufro fir d'Duerchféiere vun engem Referendum iwwer déi proposéiert Revisioun vum Kapitel II vun der Verfassung, déi vum Initiativkommitee presentéiert gouf an de 17. Mäerz 2022 entgéintgeholl gouf, akzeptéiert gëtt, well dës de Bedéngunge vum ofgeännerte Gesetz vum 4. Februar 2005 entsprécht.
-
Areeche vun enger Ufro vun engem Initiativkommitee fir d'Duerchféiere vun engem Referendum iwwer déi proposéiert Revisioun vum Kapitel II vun der Verfassung.
En Initiativkommitee huet haut, am Kader vun der Revisioun vum Kapitel II vun der Verfassung, beim Premier- a Staatsminister, Xavier Bettel, eng Ufro fir d'Organisatioun vun engem Referendum no Artikel 114 vun der Verfassung agereecht.
-
Update: D'Demande vum Initiativkommitee fir d'Duerchféiere vun engem Referendum gouf akzeptéiert
De Premier- a Staatsminister Xavier Bettel huet haut decidéiert, dass d'Ufro fir d'Duerchféiere vun engem Referendum iwwer déi proposéiert Revisioun vun de Kapitelen Ier, II, III, V, VII, VIII, IX, X, XI an XII vun der Verfassung, déi vun engem Initiativkommitee presentéiert gouf an de 4. Februar 2022 entgéintgeholl gouf, akzeptéiert gëtt.
-
Areeche vun enger Ufro vun engem Initiativkommitee fir d'Duerchféiere vun engem Referendum iwwer déi proposéiert Revisioun vun de Kapitelen I, II, III, V, VII, VIII, IX, X, XI an XII vun der Verfassung
En Initiativkommitee huet haut, am Kader vun der Revisioun vun de Kapitelen I, II, III, V, VII, VIII, IX, X, XI an XII vun der Verfassung, beim Premier- a Staatsminister, Xavier Bettel, eng Ufro fir d'Organisatioun vun engem Referendum no Artikel 114 vun der Verfassung agereecht.
-
Pressecommuniqué vum Premier- a Staatsminister betreffend d'Resultat vun der Ënnerschrëftesammlung fir d'Organisatioun vun engem Referendum iwwert déi proposéiert Revisioun vum Kapitel VI vun der Verfassung.
Well Gesamtzuel vu gültegen Ënnerschrëften ënner 25.000 läit war d'Ufro vum 22. Oktober 2021 fir d'Organisatioun vun engem Referendum iwwert déi proposéiert Revisioun vum Kapitel VI. vun der Verfassung war net erfollegräich.
-
Update: D'Demande vum Initiativkommitee fir d'Duerchféiere vun engem Referendum gouf akzeptéiert
De Premier- a Staatsminister Xavier Bettel huet haut decidéiert, dass d'Ufro fir d'Duerchféiere vun engem Referendum iwwer déi proposéiert Revisioun vum Kapitel VI vun der Verfassung, déi vum Initiativkommitee presentéiert gouf an de 26. Oktober 2021 entgéintgeholl gouf, akzeptéiert gëtt, well dës de Bedéngunge vum ofgeännerte Gesetz vum 4. Februar 2005 entsprécht.
-
Areeche vun enger Ufro vun engem Initiativkommitee fir d'Duerchféiere vun engem Referendum iwwer déi proposéiert Revisioun vum Kapitel VI vun der Verfassung.
En Initiativkommitee huet haut, am Kader vun der Revisioun vum Kapitel VI vun der Verfassung, beim Premier- a Staatsminister, Xavier Bettel, eng Ufro fir d'Organisatioun vun engem Referendum no Artikel 114 vun der Verfassung agereecht.
-
D'Europawalen zu Lëtzebuerg
De Sonndeg, 26. Mee 2019, fannen d'Europawalen zu Lëtzebuerg statt. Den Zentrale Regierungsbüro ("Bureau centralisateur gouvernemental", BCG), deen bei all Chamber-, Europa-, a Gemengewalen opgestallt gëtt, huet als Missioun, déi offiziéis Resultater vun deene Wale festzestellen an ze diffuséieren.
-
Offiziellen Avis
Delai fir d'Verschécke vum Stëmmziedel per Post
Wieler, déi zu Lëtzebuerg wunnen a per Bréifwal un den Europawalen deelhuelen, mussen, fir sécher ze goen dass hire Stëmmziedel rechtzäiteg ukënnt, dëse per Post bis spéitstens de Freideg, 24. Mee 2019, virun der leschter Levée vun der Bréifboîte ofschécken.
-
D’Bréifwal fir d’Europawale vum 26. Mee 2019 ufroen
All d'Wieler, déi an de Wielerlëschte stinn, si fir d'Bréifwal bei den Europawale vum 26. Mee 2019 zougelooss.
-
Europawalen
Verlousung vun de Lëschtennummere vun de politesche Parteien
Den 28. Mäerz huet de President vum Haaptwalbüro duerch Verlousung d'Lëschtennummere vun de politesche Parteie bestëmmt, déi de 26. Mee 2019 un de Walen deelhuelen.
-
Élections européennes du 26 mai 2019
Inscription sur les listes électorales avant le 28 février 2019
Les ressortissants d’un État membre de l’UE non-luxembourgeois, domiciliés au Luxembourg, peuvent s’inscrire sur les listes électorales jusqu’au 28 février 2019.Tandis que les Luxembourgeois sont inscrits d’office sur les listes électorales et sont automatiquement convoqués pour les élections, les ressortissants d’un État membre de l’Union européenne non-luxembourgeois, domiciliés au Luxembourg, peuvent s’inscrire sur les listes électorales avant le 28 février 2019 à 17 heures s’ils choisissent de voter au Luxembourg.