Iwwert dës Websäit

Editeur vum Site

Elections.public.lu ass den offizielle Site vun de Walen zu Lëtzebuerg. En offréiert allgemeng Informatiounen zum Walsystem. Hei gi spezifesch Informatiounen zu den diverse Chamber-, Europa- a Gemengewale publizéiert, an um Waldag, no der Clôture vun de Walbüroen, kann d'Entwécklung vun de Resultater, déi den Zentrale Regierungsbüro (geschafen duerch den Artikel 116ter vum ofgeännerte Wahlgesetz vum 18. Februar 2003, an deem seng Funktiounsweis duerch dat ofgeännert groussherzoglecht Reglement vum 12. Februar 2009 definéiert ass) bei de verschiddenen Haaptwalbüroen erhuewen huet, live verfollegt ginn.).

Dëse Site gouf vun der Lëtzebuerger Regierung ageriicht, dat op Grondlag vun enger Zesummenaarbecht vum Informatiouns- a Pressedéngscht (Service information et presse, SIP) an dem Zenter fir Informatiounstechnologien (Centre des technologies de l'information de l'Etat, CTIE).

D'Kaarte stame vum Kadaster (Administration du cadastre et de la topographie) (© Hannergrond: Origine Administration du Cadastre et de la Topographie Luxembourg (ACT) / Autorisatioun fir ze publizéiere vum 21.04.2009)

D'Editeure vum Site sinn den Informatiouns- a Pressedéngscht (SIP) an den Zenter fir Informatiounstechnologien (CTIE).

Qualitéit

Et ass besonnesch dorop opgepasst ginn, en zefriddestellende Qualitéits- an Accessibilitéitsniveau ze garantéieren. Dëst Portal gëtt no den Empfeelunge vum Bezuchsmodell Renow (Bezuchsmodell vun der Website-Normalisatioun vun der lëtzebuergescher Regierung) entwéckelt.

Accessibilitéitserklärung

D'lëtzebuergesch Regierung verfollegt d'Zil, enger méiglechst grousser Unzuel vu Benotzer seng Internetsäiten zougänglech ze maachen. Méi Informatiounen iwwert eis Accessibilitéitspolitik fannt Dir op der Säit renow.public.lu (op Franséisch)

Dëst Portal baséiert op dëse Prinzipien a mir engagéieren eis, d'Disponibilitéit vum Inhalt ze verbesseren, fir datt kee vum Zougang zu den Informatiounen op dëser Säit ausgeschloss gëtt. Falls Dir Problemer mam Zougang zu Informatiounen hutt, kontaktéiert w.e.g. d'Equipe vu Renow.

Browserkompatibilitéit

Bei der Browserkompatibilitéit geet et dorëms, en Internetsite kohärent a benotzbar ze maachen, an zwar onofhängeg vum benotzte Medium (Desktop, Tablet, Smartphone, Fernsee asw.) a Browser (Edge, Chrome, Firefox asw.).

Weider Informatioune fannt Dir um Site vu Renow..

Aktualiséiert