Konditioune fir de Wieler

Referendum

All d'Wieler, déi den Dag vum Referendum op de Wielerlëschte fir d'Chamberwale stinn, sinn opgeruff, bei engem Referendum ofzestëmmen.

Deemno betraff sinn d'Bierger:

  • mat Lëtzebuerger Nationalitéit;
  • déi um Dag vum Referendum 18 Joer al sinn;
  • déi iwwer hir biergerlech a politesch Rechter verfügen;
  • mat Wunnsëtz zu Lëtzebuerg.

D'Lëtzebuerger mat Wunnsëtz am Ausland kënne mat Bréifwal um Referendum deelhuelen.

D'Lëtzebuerger mat Wunnsëtz am Ausland, déi net op de Wielerlëschte stinn, déi awer duerch hir Lëtzebuerger Nationalitéit iwwer d'Walrecht verfügen, kënne per Bréfiwal bei der Ofstëmmung matmaachen.

Nëmmen déi Persounen, déi effektiv e Walrecht hunn, kënnen deemno um Referendum deelhuelen.