Konditioune fir de Wieler

Europawalen

Konditiounen, fir bei den Europawalen däerfen ze wielen

Fir bei den Europawalen däerfen ze wielen, muss een:

  1. Lëtzebuerger sinn oder Staatsbierger aus engem anere Memberstaat vun der europäescher Unioun;
  2. um Dag vun de Walen 18 Joer al sinn;
  3. iwwer seng biergerlech Rechter verfügen a weiderhi säi Walrecht zu Lëtzebuerg hunn oder an deem Memberstaat, aus deem een hierkënnt.

Lëtzebuerger, déi hire Wunnsëtz am Ausland hunn, kënnen iwwer Bréifwal un den Europawalen deelhuelen.

Wann d'Lëtzebuerger automatesch an d'Wielerlëschten ageschriwwe ginn, esou mussen d'Staatsbierger aus engem anere Memberstaat vun der europäescher Unioun sech selwer an d'Lëschten aschreiwen.

Konditiounen, fir Kandidat bei den Europawalen ze sinn

Fir eligibel ze sinn, muss een:

  1. Lëtzebuerger sinn oder Staatsbierger aus engem anere Memberstaat vun der europäescher Unioun;
  2. iwwer seng biergerlech Rechter verfügen a weiderhi säi Walrecht zu Lëtzebuerg hunn oder an deem Memberstaat, aus deem een hierkënnt;
  3. um Dag vun de Walen 18 Joer al sinn;
  4. fir e Lëtzebuerger: säi Wunnsëtz zu Lëtzebuerg hunn; fir e Staatsbierger aus engem anere Memberstaat vun der europäescher Unioun, säi Wunnsëtz zu Lëtzebuerg hunn an, de Moment vum Areeche vun der Kandidatelëscht, zanter fënnef Joer zu Lëtzebuerg gelieft hunn;
  5. de Staatsbierger aus engem anere Memberstaat vun der europäescher Unioun muss mat senger Kandidatur ofginn:
    • eng formal Deklaratioun: 
      • an där seng Nationalitéit a seng Adress zu Lëtzebuerg präziséiert ginn; 
      • jee no Fall op der Wielerlëscht, aus wat fir enger lokaler Kierperschaft oder wat fir engem Walbezierk am Hierkonftsmemberstaat e fir d'lescht ageschriwwe war; 
      • datt en net gläichzäiteg Kandidat fir d'Europawalen an engem anere Memberstaat ass;
      • eng Attestatioun vun den zoustännegen administrativen Autoritéite vum Hierkonftsmemberstaat, an där bescheinegt gëtt, datt en seng Eligibilitéit an deem Staat net oferkannt krut oder datt den Autoritéite keng Oferkennung bekannt ass;
    • e gültegt Identitéitsdokument.

Persounen, déi strofrechtlech veruerteelt sinn, Persounen, déi duerch Veruerteelung hiert Walrecht verluer hunn an Erwuessener, déi ënner Tutelle stinn, sinn net eligibel.