Konditioune fir de Wieler

Gemengewalen

Konditiounen, fir däerfen ze wielen

Fir bei de Gemengewalen däerfen ze wielen, muss een:

  1. um Dag vun de Walen 18 Joer al sinn;
  2. iwwer seng biergerlech Rechter verfügen a weiderhi säi Walrecht hunn am Land, an deem ee säi Wunnsëtz huet oder aus deem een hierkënnt ; des leschtgenannte Konditioun kann allerdéngs net géint Net-Lëtzebuerger Staatsbierger applizéiert ginn, déi an hirem Hierkonftsland hiert d’Recht ze wielen opgrond vun hirem Wunnsëtz ausserhalb vun hirem Hierkonftsstaat verluer hunn;
  3. als Lëtzebuerger, säi Wunnsëtz zu Lëtzebuerg hunn;
  4. fir e Staatsbierger aus engem anere Memberstaat vun der europäescher Unioun oder dem Schengenraum, säi Wunnsëtz zu Lëtzebuerg hunn an den Ament vun der Aschreiwungsdemande fir op d’Wielerlëscht hei wunnen;
  5. fir soss en auslännesche Staatsbierger, e gültegen Openthaltstitel oder eng gülteg Openthaltskaart oder "carte de légitmation" hunn, säi Wunnsëtz zu Lëtzebuerg hunn an den Ament vun der Aschreiwungsdemande fir op d’Wielerlëscht hei wunnen. 

Konditiounen, fir Kandidat ze sinn

Fir eligibel ze sinn, muss een:

  1. um Dag vun de Walen 18 Joer al sinn;
  2. iwwer seng biergerlech Rechter verfügen a weider zu Lëtzebuerg oder a sengem Hierkonftsland eligibel sinn ; des leschtgenannte Konditioun kann allerdéngs net géint Net-Lëtzebuerger Staatsbierger applizéiert ginn, déi an hirem Hierkonftsland d’Recht fir eligibel ze sinn opgrond vun hirem Wunnsëtz ausserhalb vun hirem Hierkonftsstaat verluer hunn;
  3. als Lëtzebuerger, säi Wunnsëtz zu Lëtzebuerg hunn;
  4. beim Areeche vu senger Kandidatur, säi gewinnte Wunnsëtz zanter 6 Méint an der Gemeng hunn, dat heescht, gewéinlech do wunnen.

Staatsbierger aus engem anere Memberstaat vun der europäescher Unioun oder dem Schengenraum, musse fir hir Kandidatur eng Deklaratioun Opweises hunn, an där hir Nationalitéit a hir Adress zu Lëtzebuerg präziséiert ginn an de Fait, datt si hiert Recht fir eligibel ze sinn, a hirem Hierkonftsstaat net verluer hunn, oder datt, gegebenenfalls, de Verloscht vum Recht eligibel ze sinn op déi vum Hierkonftsstaat virgeschriwwe Wunnsëtzbedéngungen zeréckzeféieren ass, grad ewéi e gültegt Identitéitsdokument.

Auslännesch Staatsbierger aus engem Land ausserhalb vun der EU oder dem Schengenraum musse fir hir Kandidatur eng Deklaratioun Opweises hunn, an där hir Nationalitéit a hir Adress zu Lëtzebuerg präziséiert ginn an de Fait, datt si hiert Recht fir eligibel ze sinn, a hirem Hierkonftsstaat net verluer hunn, oder datt, gegebenenfalls, de Verloscht vum Recht eligibel ze sinn op déi vum Hierkonftsstaat virgeschriwwe Wunnsëtzbedéngungen zeréckzeféieren ass, grad ewéi e gültegen Openthaltstitel oder eng gülteg Openthaltskaart oder "carte de légitmation".