Bréifwal

Referendum

All d'Wieler, déi an de Wielerlëschte stinn, si fir d'Bréifwal bei engem Referendum zougelooss.

Konditiounen heifir

Fir bei der Ofstëmmung duerch Referendum deelzehuelen, muss de Wieler gülteg op der Wielerlëscht fir d'Chamberwalen ageschriwwe sinn.

Delaien

Wann de Convocatiounsbréif soll op eng Lëtzebuerger Adress geschéckt ginn, muss d'Demande heifir elektronesch gemaach ginn oder se muss mat der Post un de Schäfferot adresséiert ginn, an dëst, fir gülteg ze sinn, fréistens 12 Wochen a spéitstens 25 Deeg virum Dag vun de Walen.

Wann de Convocatiounsbréif soll un eng Adress am Ausland geschéckt ginn, ass den Delai, fir d'Demande ze maachen, 40 Deeg virum Dag vun de Walen.

Praktesch Modalitéiten

De Wieler, dee mat Bréifwal wëllt wielen, muss seng Gemeng doriwwer informéieren an säi Convocatiounsbréif elektronesch iwwer MyGuichet.lu, mat engem einfache Bréif oder mat engem virgedréckte Formulaire, deen en op senger Gemeng kritt, ufroen.

Et muss een sech un déi Lëtzebuerger Gemeng riichten, an där een ugemellt ass. Als Gemeng, an där een ugemellt ass, gëllt:

  • d'Gemeng, an där ee säi Wunnsëtz huet,
  • soss, d'Gemeng, an där ee säi leschte Wunnsëtz hat,
  • soss, d'Gemeng, an där een op d'Welt komm ass,
  • soss, d'Stad Lëtzebuerg.

Am Courrier muss de Wieler:

  • säin Numm, säi Virnumm, säi Gebuertsdag, säi Gebuertsuert an d'Adress, op déi de Convocatiounsbréif soll geschéckt ginn, uginn;
  • ënner Eed deklaréieren, datt en d'Walrecht net oferkannt krut;
  • als Lëtzebuerger Wieler mat Wunnsëtz am Ausland, eng Kopie vun sengem gültege Pass mat ofginn.

Esoubal de Schäfferot d'Demande kritt, iwwerpréift en, ob all Angaben a gefuerdert Beleeger do sinn an ob den Demandeur op der Wielerlëscht fir d'Chamberwalen ageschriwwen ass.

Zeréckweise vun der Demande

Wann den Demandeur d'Konditioune fir d'Bréifwal net erfëllt, deelt de Schäfferot him säi Refus mat

  • spéitstens 20 Deeg virun de Walen, wann de Convocatiounsbréif soll op eng Lëtzebuerger Adress geschéckt ginn,
  • spéitstens 35 Deeg virun de Walen, wann de Convocatiounsbréif soll op eng Adress am Ausland geschéckt ginn.

Convocatiounsbréif, fir beim Referendum ofzestëmmen

Wann den Demandeur d'Konditioune fir de Wieler erfëllt, schéckt de Schäfferot him de Convocatiounsbréif

  • spéitstens 15 Deeg virun de Walen, wann de Convocatiounsbréif soll op eng Lëtzebuerger Adress geschéckt ginn;
  • spéitstens 30 Deeg virun de Walen, wann de Convocatiounsbréif soll op eng Adress am Ausland geschéckt ginn.

De Convocatiounsbréif gëtt als ageschriwwene Bréif geschéckt. Am Convocatiounsbréif fënnt een:

  • d'Froelëscht;
  • d'Instruktioune fir de Wieler, dee mat Bréifwal um Referendum deelhëlt;
  • eng onduerchsichteg an eenheetlech uerdnungsgeméiss gestempelt Walenveloppe;
  • en uerdnungsgeméiss gestempelte Stëmmziedel;
  • eng Enveloppe fir d'Zeréckschécke vun der Walenveloppe, op där "Référendum – Vote par correspondance" steet, den Hiweis, ënne riets, op de Walbüro, deen zoustänneg ass, an uewe lénks, d'Nummer, den Numm, de Virnumm an d'Adress vum Wieler.

Et gëtt en alphabetesche Relevé vun de Wieler erstallt, déi gefrot hunn, fir mat Bréifwal ofzestëmmen, mat hirem Numm, hirem Virnumm, hirem Gebuertsdag, hirem Gebuertsuert an hirer aktueller Adress. E Vermierk iwwer d'Suite, déi d'Demande kritt, steet niewent dem Numm vum Demandeur. D'Wieler, déi op dësem Relevé stinn, hu keen anere Walmodus zur Auswiel.

De Stëmmziedel ausfëllen a fortschécken

De Wieler fëllt de Stëmmziedel op folgend Manéier aus:

  • entweder andeem en de Quadrat an enger vun deenen zwou Caseë schwäerzt, déi um Stëmmziedel niewent all Fro stinn;
  • oder andeem en e Kräiz (+ oder x) an eng vun den zwou Caseë niewent all Fro mécht.

All geschwäerzte Krees, esouguer onkomplett, an all Kräiz, esouguer net perfekt, gëlle fir d'Ofstëmmung, et sief dann, datt d'Absicht, de Stëmmziedel erkennbar ze maachen, offensichtlech ass.

De Wieler dréckt säi Choix mat Hëllef vun engem Bläistëft, engem Bic oder engem Schreifinstrument vum selwechten Typ aus.

Net gülteg sinn d'Stëmmziedelen:

  • déi net déiselwecht sinn ewéi déi vun der Gemeng; oder
  • op deene méi ewéi eng Ofstëmmung pro gestallt Fro gemaach gouf; oder
  • op deene Formen a Gréisste verännert goufen; oder
  • an deenen en Ziedel oder iergende Géigestand stécht; oder
  • op deenen den Auteur duerch en Zeechen, eppes, wat en duerchsträicht oder eng Markéierung, déi vum Gesetz hir net zougelooss ass, sech kéint ze erkenne ginn. 

D'Stëmmziedelen, op deene keng Ofstëmmung gemaach gouf, ginn als blanko ugesinn.

Dogéint ass e Stëmmziedel gülteg, op deem manner Ofstëmmunge gemaach goufen, ewéi et Froe gëtt. An anere Wierder ass de Wieler net verflicht, fir op all gestallt Fro ze äntweren.

Fir e fortzeschécken, stécht de Wieler dee komplett ausgefëllten a gefaalte Stëmmziedel, mam Stempel no baussen, an d'Walenveloppe. Dës Enveloppe gëtt dann an d'Enveloppe fir zeréckzeschécke gestach an als einfache Bréif fortgeschéckt, dëst an engem Delai, deen et erlaabt, datt se um Dag vum Referendum, spéitstens mëttes um 14.00, am Walbüro ukomm ass.