Prinzipien

Referendum

D'Referende sinn duerch d'Gesetz vum 4. Februar 2005 festgeluecht, bei deem et ëm de Referendum op nationalem Niveau geet. D'Bestëmmunge vun dësem Gesetz gëlle fir Referenden, déi an den Artikelen 51 an 114 vun der Verfassung virgesi sinn.

De Referendum vum 7. Juni 2015 gouf festgeluecht duerch d'Gesetz vum 27. Februar 2015, an deem et ëm d'Organisatioun vun engem nationale Referendum zu verschiddene Froen a Verbindung mam Ausschaffe vun enger neier Verfassung geet.

De Referendum huet e berodende Charakter am Kontext vum Ausschaffe vun enger neier Verfassung.

Een eenzege Bezierk

Fir den Oflaf vun engem Referendum besteet d'Land aus engem eenzege Walbezierk. De Chef-lieu ass d'Stad Lëtzebuerg. Den éischte Walbüro vun der Stad Lëtzebuerg funktionéiert als Haaptbüro vum eenzege Bezierk.

Obligatoresche Vott

Konform zum Walgesetz ass de Vott bei engem Referendum obligatoresch fir all d'Wieler, déi den Dag vum Referendum op de Wielerlëschte fir d'Chamberwale stinn.

Déijéineg, déi net kënnen un der Wal deelhuelen, mussen dem Procureur d'Etat, deen territorial fir si zoustänneg ass, de Grond matdeelen, mat den néidege Beleeger, firwat si net kënne wiele goen. Ass de Fait, datt een net wiele geet, net justifiéiert, gëtt ee mat enger Geldbouss bestrooft. Am Fall vun enger Widderhuelung verschäerft sech d'Strof.

Beim Vott ka keen sech vertriede loossen.

Entschëllegt beim obligatoresche Vott sinn d'Wieler:

  • déi, den Ament vum Referendum, hire Wunnsëtz an enger anerer Gemeng hunn ewéi déi, an där se opgeruff sinn, wielen ze goen;
  • d'Wieler, déi méi ewéi 75 Joer al sinn.

Bréifwal

All d'Wieler, déi op de Wielerlëschte stinn, si fir d'Bréifwal bei engem Referendum zougelooss.

D'Ofstëmmung

D'Wieler däerfe vun 8 Auer moies bis 14 Auer nomëttes ofstëmme goen.

E Wieler, deen den Dag vum Referendum net op der Wielerlëscht fir d'Chamberwalen op der Gemeng steet, däerf net ofstëmme goen. Wann en net ageschriwwen ass, kann en awer zur Ofstëmmung zougelooss ginn, wann en eng Decisioun ka virleeë vum Buergermeeschter vun der Gemeng, vun deem sengem Ersatz oder vun enger Justizautoritéit, déi beleet, datt hien an der Gemeng e Walrecht huet.

De Wieler muss sech mat senger Identitéitskaart oder sengem Pass am Walbüro presentéieren. D'Presentéiere vun der Convocatioun ass net obligatoresch.

D'Schäfferéit schécken all Wieler de Convocatiounsbréif mat de Präzisioune vum Dag, den Ëffnungszäiten, während deene kann ofgestëmmt ginn, der Raimlechkeet, an där de Vott stattfënnt, an, wann et méi Büroe gëtt, deem bestëmmte Büro, an deem de Wieler opgeruff ass ofzestëmmen.

All Wieler däerf pro gestallt Fro eng Stëmm verginn.

De Wieler stëmmt of:

  • entweder andeem en de Quadrat an enger vun deenen zwou Caseë schwäerzt, déi um Stëmmziedel niewent all Fro stinn;
  • oder andeem en e Kräiz (+ oder x) an eng vun den zwou Caseë niewent all Fro mécht.

All geschwäerzte Këscht, esouguer onkomplett, an all Kräiz, esouguer net perfekt, gëlle fir d'Ofstëmmung, et sief dann, datt d'Absicht, de Stëmmziedel erkennbar ze maachen, offensichtlech ass.

Net gülteg sinn d'Stëmmziedelen:

  • déi net déiselwecht sinn ewéi déi vun der Gemeng; oder
  • op deene méi ewéi eng Ofstëmmung pro gestallt Fro gemaach gouf; oder
  • op deene Formen a Gréisste verännert goufen; oder
  • an deenen en Ziedel oder iergende Géigestand stécht; oder
  • op deenen den Auteur duerch en Zeechen, eppes, wat en duerchsträicht oder eng Markéierung, déi vum Gesetz hir net zougelooss ass, sech kéint ze erkenne ginn. 

D'Stëmmziedelen, op deene keng Ofstëmmung gemaach gouf, ginn als blanko ugesinn.

Dogéint ass e Stëmmziedel gülteg, op deem manner Ofstëmmunge gemaach goufen, ewéi et Froe gëtt. An anere Wierder ass de Wieler net verflicht, fir op all gestallt Fro ze äntweren.