Convocatioun vun de Wieler

Referendum

Informéiert, datt e Referendum kënnt, ginn d'Wieler duerch eng Matdeelung dräimol hannereneen an 3 Lëtzebuerger Dageszeitungen.

Mat alle gëeegente Mëttelen, mee op alle Fall duerch Plakater, informéiert d'Gemeng desweideren d'Wieler mat Wunnsëtz an der Gemeng, sech den Text, op deen de Referendum sech bezitt, op deene Plazen an zu deenen Zäiten unzekucken, déi si ugëtt.

Dës Plazen an Auerzäite gi fräi vun der Gemeng bestëmmt, se mussen awer op d'mannst während 6 Stonnen d'Woch zougänglech sinn an de Samschdeg muss zu den Ëffnungsdeeg gehéieren.

D'Matdeelung, esouwuel déi an den Zeitunge wéi och déi vun der Gemeng, muss an den 3 administrative Sprooche gemaach ginn, dat heescht op Lëtzebuergesch, op Däitsch an op Franséisch.

De Schäfferot schéckt op d'mannst 5 Deeg am Viraus jiddwer Wieler säi Convocatiounsbréif, an deem den Dag, d'Ëffnungszäiten, während deene kann ofgestëmmt ginn, d'Raimlechkeet, an där de Referendum stattfënnt an, wann et méi Büroe gëtt, de bestëmmte Büro, an deem de Wieler muss ofstëmmen, stinn.