Prinzipien

Europawalen

De Walmodus gëtt duerch d'Walgesetz bestëmmt.

Et si 6 Deputéiert ze wielen

Bei de Wale fir d'Europaparlament ginn déi 6 Deputéiert an allgemenger Direktwal fir e Mandat vu fënnef Joer gewielt.

Een eenzege Walbezierk

Fir d'Europawale gëtt et just een eenzege Walbezierk.

De Chef-lieu dovun ass d'Stad Lëtzebuerg.

Allgemengt Walrecht

D'Wieler wielen hir Deputéiert direkt, ouni Intermediairen, op Basis vum allgemenge Walrecht.

Et gëtt nom Proporzsystem gewielt. Op enger Lëscht kënnen net méi ewéi 6 Kandidate stoen; si muss majoritär aus Kandidate bestoen, déi d'Lëtzebuerger Nationalitéit hunn.

Obligatoresche Vott

De Vott ass obligatoresch fir all d'Wieler, déi an de Wielerlëschten ageschriwwe sinn. D'Wieler kënnen sech net vertriede loossen. Déijéineg, déi net kënnen un der Wal deelhuelen, mussen dem Procureur d'Etat, deen territorial fir si zoustänneg ass, de Grond matdeelen, mat den néidege Beleeger, firwat si net kënne wiele goen. Ass de Fait, datt een net wiele geet, net justifiéiert, gëtt ee mat enger Geldbouss bestrooft. Am Fall vun enger Widderhuelung verschäerft sech d'Strof.

Vum Gesetz hir entschëllegt sinn déi Wieler, déi, den Ament vun de Walen, hire Wunnsëtz an enger anerer Gemeng hunn ewéi déi, an där se opgeruff sinn, wielen ze goen an d'Wieler, déi iwwer 75 Joer al sinn.

All d'Wieler, déi an de Wielerlëschte stinn, si fir d'Bréifwal bei den Europawalen zougelooss. 

Walrecht fir all EU-Bierger

D'Staatsbierger aus der europäescher Unioun, déi hire Wunnsëtz zu Lëtzebuerg hunn, kënne bei de Wale fir d'Europaparlament wielen a sech wiele loossen.

Si hunn de Choix tëschent zwee Walmodusse fir d'Europaparlament.

Si kënnen sech un der Wal vun de Lëtzebuerger europäeschen Deputéierten am Europaparlament bedeelegen. Am Fall, wou se sech fir dëse Modus entscheeden, mussen se sech an d'Wielerlëschte vun hirer Gemeng androen, ënner der Konditioun, datt se um Dag vun de Walen 18 Joer al sinn. Huet ee bis 2013, fir sech kënnen ze bedeelegen, zanter zwee Joer säi Wunnsëtz missen zu Lëtzebuerg hunn, esou gouf d'Wunnsëtzkonditioun, duerch d'Stëmme vum Gesetz vum 17. Dezember 2013 iwwer d'Ännerung vum Walgesetz, gestrach.

D'Staatsbierger aus der EU, déi schonn op de Wielerlëschte fir d'Europawale stoungen, brauchen sech net méi anzeschreiwen. Eng Kéier ageschriwwen, gëtt de Vott och fir déi zukünfteg Walen obligatoresch. Et sief bemierkt, datt d'Aschreiwung an d'Lëschte fir d'Gemengewalen net d'Aschreiwung an d'Lëschte fir d'Europawalen ersetzt. Weider sief bemierkt, datt dës Aschreiwung zu all Moment ka réckgängeg gemaach ginn.

Si kënnen och d'europäesch Deputéiert aus hirem Hierkonftsland wielen. An dësem Fall mussen se sech mat de kompetenten Autoritéiten aus hirem Hierkonftsland a Verbindung setzen, besonnesch mat hire respektive Konsulater.

D'Ofstëmmung

D'Wieler wielen am Chef-lieu vun där Gemeng, an där se wunnen oder an den Uertschaften, déi duerch en Arrêté grand-ducal fir de Vott festgeluecht goufen.

Den Dag vun de Walen däerfen d'Wieler vun 8 Auer moies bis 14 Auer nomëttes wiele goen.

Den Dag vun de Wale muss de Wieler sech mat senger Identitéitskaart, sengem Pass, sengem Openthaltstitel oder senger Openthaltskaart am Walbüro presentéieren. D'Presentéiere vun der Convocatioun gëtt net verlaangt.

Jiddwer Wieler, deen zu Lëtzebuerg wielt, ka 6 Stëmme verginn.

Geheimwalen

D'Wale si geheim.

De Prinzip vum geheime Vott steet net ausdrécklech an der Verfassung, mee d'Walgesetz gesäit eng ganz Rei detailléiert Formalitéite vir, fir en ze schützen.

Jiddwer Wieler däerf esou vill Stëmme verginn, ewéi et Deputéiert ze wiele gëtt

Jiddwer Wieler däerf esou vill Stëmme verginn, ewéi et Deputéiert ze wiele gëtt, dat heescht 6. De Vott kann entweder duerch eng Lëschtestëmm oder duerch d'Wiele vu perséinleche Stëmmen ausgedréckt ginn.

Fir datt säi Stëmmziedel gülteg ass, däerf de Wieler, dee mat enger Lëschtestëmm wielt, keng weider Stëmm ofginn, ausser d'Lëscht, déi hie geschwäerzt huet, huet manner Kandidaten ewéi d'Zuel vun Deputéiert, déi ze wiele sinn. Deejéinegen, deen eenzel Kandidate wielt, däerf déi op enger eenzeger Lëscht oder op verschiddene Lëschten auswielen, ouni dobäi awer méi Stëmmen ze verginn ewéi Sëtz zur Verfügung stinn.

Verdeelung vun de Sëtz

Beispill, fir d'Verdeelung vun de Sëtz ze illustréieren:

Lëscht A 53.216 Stëmmen
Lëscht B 23.015 Stëmmen
Lëscht C 30.182 Stëmmen
-----------------------------
Total 106.413 Stëmmen

Éischt Verdeelung:

106.413 (Zuel vun de gültege Stëmmen): [6 (Zuel vun den Deputéiert, déi kënne gewielt ginn) + 1]
106.413 : 7 = 15.201,85

15.201,85 no uewen opgerënnt = 15.202 = Stëmmequot

Zuel vun de Sëtz fir d'Lëscht A:
53.216 : 15.202 = 3 Sëtz

Zuel vun de Sëtz fir d'Lëscht B:
23.015 : 15.202 = 1 Sëtz

Zuel vun de Sëtz fir d'Lëscht C:
30.182 : 15.202 = 1 Sëtz

Total vun de verdeelte Sëtz: 3+1+1= 5 Sëtz

Et mussen awer 6 Deputéiert gewielt ginn. Also muss nach ee Sëtz verdeelt ginn. Doduerch kënnt et zu der zousätzlecher Verdeelung.

Zousätzlech Verdeelung:

Lëscht A: 53.216 : 3 Sëtz +1
53.216 : 4 = 13.304

Lëscht B: 23.015 : 1 Sëtz +1
23.015 : 2 = 11.507

Lëscht C: 30.182 : 1 Sëtz +1
30.182 : 2 = 15.091

D'Lëscht C kritt dee Sëtz, deen iwwereg bliwwen ass, well si déi héchsten Zuel bei der Rechnung fir d'zousätzlech Verdeelung krut.

D'Sëtz ginn un déi Kandidate verdeelt, déi déi meeschte Stëmme kruten. Wann et e Gläichstand bei de Stëmme gëtt, kritt dee Kandidat d'Virrecht, deen de President vum Haaptwalbüro vu Lëtzebuerg duerch Verlouse bestëmmt.

Proklamatioun vun de Resultater

D'Resultat vun der gesamter Auszielung vun de Stëmmen an d'Nimm vun de gewielte Kandidate ginn ëffentlech vum President vum Haaptbüro vum Walbezierk proklaméiert.

Dës Resultater gi vun der Chamber validéiert.