Prinzipien

Gemengewalen

D'Gemengewale ginn an de groussen Zich duerch d‘ofgeännert Walgesetz vum 18. Februar 2003 an duerch d’ofgeännert Gemengegesetz vum 13. Dezember 1988 definéiert.

All 6 Joer

D'Gemengewale fannen all 6 Joer am Lëtzebuerger Land statt.

Direktwal vun de Membere fir de Gemengerot

D'Leit, déi op de Wielerlëschte stinn, wielen d'Membere vum Gemengerot aus hirer Gemeng iwwer d'Direktwal. Jiddwer Wieler däerf esou vill Stëmme verginn, ewéi et Conseillere fir an de Gemengerot ze wiele gëtt.

D'Zuel vun de Gemengeconseillere gëtt unhand vun der Zuel vun de Gemengebierger bestëmmt. Si ass ëmmer ongerued.

D'Gemengeréit, zu deenen och d'Memberen aus dem Schäfferot gehéieren, sinn deemno zesummegesat aus:

  • 7 Memberen an deene Gemengen, déi net méi ewéi 999 Awunner hunn;
  • 9 Memberen an de Gemenge mat 1.000 bis 2.999 Awunner;
  • 11 Memberen an de Gemenge mat 3.000 bis 5.999 Awunner;
  • 13 Memberen an de Gemenge mat 6.000 bis 9.999 Awunner;
  • 15 Memberen an de Gemenge mat 10.000 bis 14.999 Awunner;
  • 17 Memberen an de Gemenge mat 15.000 bis 19.999 Awunner;
  • 19 Memberen an de Gemenge mat 20.000 Awunner a méi.

De Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg setzt sech aus 27 Memberen zesummen.

D'Zuel vun de Gemengeconseilleren an all Gemeng gëtt duerch e Règlement grand-ducal definéiert. D'Gemengeconseillere gi fir en Zäitraum vu 6 Joer gewielt. Si kënnen erëmgewielt ginn.

2 verschidde Walmodussen

Jiddwer Gemeng bilt ee Walbezierk. All d'Wieler aus enger Gemeng droen zesummen zur Wal vun de Membere vum Gemengerot bäi.

An de Gemenge mat manner ewéi 3.000 Awunner gëtt nom Majorzsystem gewielt.

An deenen anere Gemenge gëtt nom Proporzsystem gewielt.

De Schäfferot

De Schäfferot aus all Gemeng setzt sech zesummen aus dem Buergermeeschter an aus:

  • 2 Schäffen an de Gemenge mat manner ewéi 10.000 Awunner;
  • 3 Schäffen an de Gemenge mat 10.000 bis 19.999 Awunner;
  • 4 Schäffen an de Gemenge mat 20.000 Awunner a méi.

D'Stad Lëtzebuerg huet 6 Schäffen.

D'Schäffe gi vum Innenminister genannt, op der Virlag vun der Majoritéit vun den nei gewielte Membere vum Gemengerot, oder vum Gemengerot, a si gi fir en Zäitraum vu 6 Joer gewielt.

De Buergermeeschter gëtt vum Grand-Duc genannt, op der Virlag vun der Majoritéit vun den nei gewielte Membere vum Gemengerot, oder vum Gemengerot, an dëst och fir en Zäitraum vu 6 Joer.

Obligatoresche Vott

De Vott ass obligatoresch fir all d'Wieler, déi an de Wielerlëschten ageschriwwe sinn. D'Wieler kënne sech net vertriede loossen.

Déijéineg, déi net kënnen un der Wal deelhuelen, mussen dem Procureur d'Etat, deen territorial fir si zoustänneg ass, de Grond matdeelen, mat den néidege Beleeger, firwat si net kënne wiele goen. Ass de Fait, datt een net wiele geet, net justifiéiert, gëtt ee mat enger Geldbouss bestrooft. Am Fall vun enger Widderhuelung verschäerft sech d'Strof.

Vum Gesetz hir entschëllegt sinn déi Wieler, déi, den Ament vun de Walen, hire Wunnsëtz an enger anerer Gemeng hunn ewéi déi, an där se opgeruff sinn, wielen ze goen an d'Wieler, déi iwwer 75 Joer al sinn.

Walrecht fir d'Net-Lëtzebuerger

Staatsbierger aus engem anere Memberstaat vun der europäescher Unioun oder dem Schengenraum, déi hire Wunnsëtz zu Lëtzebuerg hunn an den Ament vun der Aschreiwungsdemande fir op d’Wielerlëscht hei wunnen, hunn d’Recht bei de Gemengewale matzewielen, ouni dowéinst d'Walrecht an der Gemeng vun hirem Hierkonftsland ze verléieren.

Aner auslännesch Staatsbierger mussen ausserdeem e gültegen Openthaltstitel, eng gülteg Openthaltskaart oder eng gülteg "carte de légitmation" hunn.

Delai, fir sech an d'Wielerlëschten anzeschreiwen

D'Wielerlëschte si konstant a gi stänneg aktualiséiert. D'Lëtzebuerger Staatsbierger ginn automatesch an d'Wielerlëscht vun hirer Gemeng zu Lëtzebuerg agedroen, esoubal se 18 Joer al sinn an ënnert der Bedéngung, datt se sämtlech gefuerdert Konditiounen erfëllen, déi d'Gesetz virschreift, fir däerfen ze wielen.

Auslännesch Staatsbierger, déi eng éischt Kéier wëllen un de Gemengewalen deelhuelen, maachen eng Demande bei hirer Gemeng, fir an d'Wielerlëschten agedroen ze ginn. Esou eng Demande kann agereecht ginn, esoubal d'Konditiounen, fir däerfen ze wielen, erfëllt sinn. D'Wielerlëschte gi 55 Deeg virun de Walen, d.h. de 17 Abrëll 2023 um 17 Auer provisoresch zou gemaach. De 17. Abrëll 2023 17 Auer ass och de Stéchdag fir d'Aschreiwung an d‘Wielerlëschten.

Bréifwal

All d'Wieler, déi an de Wielerlëschte stinn, kënnen eng Demande fir d'Bréifwal bei de Gemengewalen areechen.