Communiqué zu de Statistiken iwwer den Aschreiwungstaux vun den auslännesche Residente fir d'Gemengewale vum 11. Juni 2023

Am Mee 2022 haten de Ministère fir Famill, Integratioun an d'Groussregioun a seng Partner d'Sensibiliséierungscampagne "Ech ka wielen" lancéiert. D'Zil dovunner ass auslännesch Awunner iwwer hiert Walrecht fir d'Gemengewale vum 11. Juni 2023 ze informéieren an se op d'Noutwendegkeet hinzeweisen sech virum 17. Abrëll 2023 um 17 Auer op de Wielerlëschten anzedroen.

Duerch d'Ännerung vum Walgesetz am Joer 2022 hunn elo auslännesch Matbierger, déi manner wéi 5 Joer zu Lëtzebuerg wunnen, och d'Recht un de Gemengewalen deelzehuelen.

Fir kënnen e genaue Suivi vun den Aschreiwungen op de Wielerlëschten ze maachen, schafft de Ministère fir Famill, Integratioun an d'Groussregioun mam Zenter fir Informatiounstechnologië vum Staat (CTIE) zesumme fir Statistiken iwwer d'Aschreiwungen ze kréien, déi no bestëmmten individuelle Krittären an no Wunngemeng opgedeelt sinn.

Mat dësem Communiqué verëffentleche mir dës Statistiken, déi d'Situatioun vum 31. Januar 2023 erëmginn.

D'Zil ass et déi Gruppen un Awunner ze identifizéieren, bei deenen den Aschreiwungstaux nach ëmmer niddreg ass a bei deene mir eis Informatiouns- a Sensibiliséierungsbeméiungen nach verstäerke mussen, an deem mir hinnen Ureizer bidden, fir un dësem wichtegen demokrateschen Evenement deelzehuelen, dat fir jiddereen op ass.

Eng aktualiséiert Versioun vun dëse Statistiken, déi d'Situatioun vum 28. Februar 2023 erëmgëtt, gëtt op enger Pressekonferenz a Presenz vum Syvicol, den 2. Mäerz 2023 um 9.30 Auer, am Bistrot de Bonnevoie (29, rue de Bonnevoie L-1260 Lëtzebuerg) virgestallt.

Méi prezis Informatiounen zu der Sensibiliséierungscampagne "Ech ka wielen" fannt Dir um Site echkawielen.lu

Communiqué vum Ministère fir Famill, Integratioun an d'Groussregioun

Aktualiséiert