De Staatsministère an de Ministère fir Famill, Intégratioun an d'Groussregioun soen de Bierger an de Gemenge Merci fir hir Participatioun un der Ëmfro iwwer d'Accessibilitéit vun de Walen, déi iwwer d'Plattform "Zesumme vereinfachen" duerchgefouert gouf. E Merci och un d'Associatiounen, déi sech em Persoune mat enger Behënnerung këmmeren, fir hir Proposen vu Moossname fir d'Accessibilitéit vu Persoune mat enger Behënnerung, déi si dem Staatsministère am Kader vun der Ëmsetzung vum nationalen Aktiounsplang fir d'Ëmsetzung vun der Konventioun fir Persoune mat Behënnerung 2019-2024 zoukomme gelooss hunn.
D'Resultater vun der Ëmfro an d'Machbarkeet vun de proposéierte Moossname gi vun den zoustännege Ministèren an Zesummenaarbecht mat den Acteuren, déi un der Ausféierung bedeelegt sinn, analyséiert. Déi zréckbehale Moossname kënnen a véier Kategorien zesummegefaasst ginn:
- Aktiivt a passiivt Walrecht fir Erwuessener ënner Tutelle
- Layout vum Walziedel
- Accessibilitéit vum Walbüro
- Informatioun a Sensibiliséierung
1. Aktiivt a passiivt Walrecht fir Erwuessener ënner Tutelle
No der Revisioun vun der Verfassung, déi di automatesch Ausgrenzung vum aktiven a passive Walrecht vu volljärege Persounen ënner Tutelle ophieft, an déi den 1. Juli 2023 a Kraaft trëtt, gouf de 9. Februar 2023 e Gesetzesprojet iwwer d'Ännerung vum geännerte Walgesetz vum 18. Februar 2033 (doc. parl. 8150) deposéiert, fir déi entspriechend Upassunge vum Gesetz konform zum neie Verfassungstext virzehuelen. Domadder erlaabt et dëse Gesetzesprojet, datt volljäreg Persounen ënner Tutelle hiert aktiivt a passiivt Walrecht rechtméisseg an an alle Fäll kënnen ausüben.
Well awer de Vott zu Lëtzebuerg obligatoresch ass, a fir ze verhënneren, datt de Virdeel dee volljärege Persounen ënner Tutelle zegutt kënnt zu hirem Nodeel genotzt ka ginn, am Fall wou dës héich vulnerabel Persounen net déi néideg Capacitéiten hu fir hir Walbedeelegung als Flicht unzegesinn, hiert d'Walrecht per Bréifwal auszeüben oder sech um Dag vun de Walen ze deplacéieren, gëtt virgeschloe volljäreg Persounen ënner Tutelle als Persounen déi vum Gesetz hir entschëllegt sinn unzegesinn.
Et ass virgesinn, datt dës Gesetzesännerunge fir di éischte Kéier bei de Parlamentswalen am Oktober 2023 applizéiert ginn.
2. Layout vum Walziedel
a) Den uewe genannte Gesetzesprojet n° 8150 schléit vir, datt d'Logoe vun de politesche Parteien (am Fall wou si der hunn) fir d'Chamber- an d'Europawalen op de Walziedelen ofgebillt ginn, esou datt de Walziedel fir Persounen déi sensoresch oder kognitiv Defiziter hunn méi lieserlech a méi einfach auszefëllen ass.
b) De Layout vum Walziedel gëtt adaptéiert (z.B. gëtt d'Schrëftaart ugepasst, zousätzlech Kontraster, asw.) fir datt e fir Wieler mat enger Séischwächt méi accessibel ass.
3) Accessibilitéit vum Walbüro
Den uewe genannte Gesetzesprojet n° 8150 schléit vir, datt volljäreg Persounen ënner Tutelle, grad esou wéi Wieler déi e kognitiven Defizit hunn zu där Kategorie Leit zielen, déi d'Méiglechkeet hunn sech an d'Walkabinn begleeden ze loossen. Nodeems se votéiert gouf, wäert d'Gesetzesännerung fir déi éischte Kéier bei de Chamberwalen am Oktober 2023 applizéiert ginn.
Fir um Dag vun de Walen an de Walbüro ze komme ginn Trajete vum a bis bei de Walbüro net an de järleche Kontingent vun de Trajeten aberechent, déi de Notzer vun Adapto zoustinn. Dës Moossnam wäert héchstwarscheinlech fir déi éischte Kéier wärend de Chamberwalen 2023 applizéiert ginn.
4. Informatioun a Sensibiliséierung
a) Zur Zäit gi Moossname gepréift fir Televisiounsemissiounen a Walsendungen déi am Kader vun de Chamber- an Europawalen diffuséiert ginn (z.B. Diskussiounsronnen a politesch Debatten) méi accessibel ze maache fir Persoune déi Probleemer mam Gehéier hunn (z.B. duerch Ënnertitel).
b) Fir d'Gemengen zum Thema Accessibilitéit vun de Walen ze sensibiliséiere kréien si virun all Walen eng Circulaire mat engem Pak un Informatiounen an Empfeelungen zougeschéckt. Dëse Pak enthält:
- D'Broschür "Accessibilitéit vun de Walbüroen" déi vun Info-Handicap erausbruecht gouf;
- En Dokument mat Informatiounen iwwert d'Prozedur fir d'Ufro an de Gebrauch vun taktile Walënnerlagen déi vum Centre pour le développement des compétences relatives à la vue verdeelt goufen an an de Walbüroen zur Verfügung stinn;
- D'Broschür "Check Politik" déi vum Zentrum fir politesch Bildung ausgeschafft gouf a politesch a sozial Sujete vum Grand-Duché a liichter Sprooch erkläert.
c) D'Convocatioun an d'Instruktioune fir de Wieler gi vum Kompetenzzentrum fir liicht Sprooch "KLARO" vun der APEMH an "Leichter Sprache" erausginn.
d) Videoen, déi weise wéi een e Walziedel ausfëllt, gi vum Zentrum fir politesch Bildung an Zesummenaarbecht mam KLARO an dem Ministère fir Famill, Intégratioun an d'Groussregioun produzéiert an op verschiddenen Internetsäiten zur Verfügung gestallt.
e) Sämtlech Informatiounen zu de Projeten déi vun Associatiounen, déi sech em Persoune mat enger Behënnerung këmmeren am Kader vun de Walen an d'Liewe geruff goufe, ginn an enger accessibeler Form um offiziellen Internetsite fir d'Wale www.elections.public.lu publizéiert.
f) Eng Rëtsch Informatiounen am Zesummenhang mat de Walen um Internetsite Guichet.lu sinn a "Leichte Sprache" disponibel.
g) De Ministère fir Famill, Intégratioun an d'Groussregioun huet eng Sensibiliséierungscampagne "ech ka wielen" lancéiert, fir auslännesch Residenten dozou unzereegen, sech op de Wielerlëschte fir d'Gemengewale vum 11. Juni 2023 anzedroen. Am Kader vun dëser Campagne gouf eng méisproocheg a multimedial Kommunikatioun entwéckelt, fir dës Awunner iwwer hiert Walrecht ze informéieren.
All dës Moossnamen, zesumme mat deenen déi schonn en Place sinn, erlaben et e robuste Kader ze schafe fir datt all Bierger seng politesch Rechter op der Grondlag vun der Gläichheet voll ausnotzen a säi Wëlle fräi an ouni Diskriminatioun ausdrécke kann, a stellen domadder e wichtege Schrëtt bei der Ëmsetzung vum kontinuéierlechen Engagement vun der Regierung fir den Opbau vun enger méi gerechter, oppener an integrativer Gesellschaft duer.
Communiqué vum Staatsministère an dem Ministère fir Famill, Integratioun an d'Groussregioun