D’Bréifwal fir d’Europawale vum 26. Mee 2019 ufroen

All d'Wieler, déi an de Wielerlëschte stinn, si fir d'Bréifwal bei den Europawale vum 26. Mee 2019 zougelooss.

De Wieler muss sech dofir un de Schäfferot vun där Lëtzebuerger Gemeng riichten, an där en ugemellt ass. Als Gemeng, an där een ugemellt ass, gëllt:

  • d'Gemeng, an där ee säi Wunnsëtz huet,
  • soss, d'Gemeng, an där ee säi leschte Wunnsëtz hat,
  • soss, d'Gemeng, an där een op d'Welt komm ass,
  • soss, d'Stad Lëtzebuerg.

De Wieler kann d’Bréifwal wéi folgend ufroen:

  • elektronesch iwwer MyGuichet.lu;
  • mat engem einfache Bréif;
  • mat engem virgedréckte Formulaire deen en op senger Gemeng kritt

An der Demande mussen den Numm, de Virnumm, de Gebuertsdag, de Gebuertsuert an de Wunnsëtz vum Wieler stoen, gradesou wéi d'Adress, op déi de Convocatiounsbréif soll geschéckt ginn.

All Persoun mat Wunnsëtz am Ausland muss eng Kopie vun hirer gülteger Identitéitskaart oder hirem gültege Pass mat ofginn.

An dëser schrëftlecher an ënnerschriwwener Deklaratioun muss den Demandeur ënner Eed deklaréieren, datt en d'Walrecht net oferkannt krut.

Den Delai fir seng Demande fir d'Bréifwal beim Schäfferot anzereechen ass

  • de 16. Abrëll spéitstens, wann de Convocatiounsbréif soll op eng Adress am Ausland geschéckt ginn;
  • den 2. Mee spéitstens, wann de Convocatiounsbréif soll op eng Lëtzebuerger Adress geschéckt ginn

Wann den Demandeur d'Konditioune fir de Wieler erfëllt, schéckt de Schäfferot him de Convocatiounsbréif, d’Lëscht vun de Kandidaten an d’Walenveloppen bis spéitstens

  • de 26. Abrëll, wann de Convocatiounsbréif soll op eng Adress am Ausland geschéckt ginn;
  • den 11. Mee spéitstens, wann de Convocatiounsbréif soll op eng Lëtzebuerger Adress geschéckt ginn.

Wann den Demandeur d'Konditioune fir d'Bréifwal net erfëllt, deelt de Schäfferot him säi Refus mat.

D'Enveloppë mam Stëmmziedel mussen den Dag vun de Wale spéitstens um 14 Auer mëttes am Walbüro, deen zoustänneg ass, ukomm sinn.

Aktualiséiert