Prinzipien

Chamberwalen

D'Chamberwale ginn an de groussen Zich duerch d'Verfassung definéiert an am Detail duerch d'Walgesetz.

D'Chamberwale bestëmmen déi 60 Deputéiert, déi am Lëtzebuerger Eekummersystem d'Chamber bilden. Hire Mandat dauert 5 Joer.

4 Walbezierker

D'Land ass a 4 Walbezierker agedeelt (Art. 51 vun der Verfassung):

  • de Süden, mat de Kantoner Esch-Uelzecht a Capellen;
  • den Zentrum, mat de Kantoner Lëtzebuerg a Miersch;
  • den Norden, mat de Kantoner Dikrech, Réiden, Wolz, Clierf a Veianen;
  • den Osten, mat de Kantoner Gréiwemaacher, Réimech an Iechternach.

Esch-Uelzecht, Lëtzebuerg-Stad, Dikrech a Gréiwemaacher sinn d'Chef-lieue vun de Walbezierker.

D'Zuel vun den Deputéiert ass duerch d'Verfassung op 60 festgeluecht. D'Walgesetz leet d'Zuel vun den Deputéiert fest, déi an all Walbezierk kënne gewielt ginn:

  • Walbezierk Süden: 23 Deputéiert
  • Walbezierk Zentrum: 21 Deputéiert
  • Walbezierk Norden: 9 Deputéiert
  • Walbezierk Osten: 7 Deputéiert

Direkt allgemengt Walrecht

D'Deputéiert ginn direkt vun der Natioun, ouni Intermediairen, op Basis vum allgemenge Walrecht gewielt. De Regime vum allgemenge Walrecht erlaabt et all Lëtzebuerger Bierger, Männer a Fraen, déi déi vum Gesetz festgeluechte Konditiounen erfëllen, un der Wal vun den Deputéiert deelzehuelen.

D'Deputéiert ginn no de Regele vun der proportionaler Representatioun, iwwer d'Lëschtewal, gewielt.

Fir all eenzele vun deene véier Walbezierker (Süden, Zentrum, Norden, Osten) mussen d'politesch Gruppéierunge Lëschte mat Kandidaten opstellen, deenen hir Zuel net däerf méi héich ze sinn ewéi d'Zuel vun den Deputéiert, déi am jeeweilege Bezierk däerfe gewielt ginn.

Obligatoresche Vott

De Vott ass obligatoresch fir all d'Wieler, déi an de Wielerlëschten ageschriwwe sinn. D'Wieler kënnen sech net vertriede loossen. Déijéineg, déi net kënnen un der Wal deelhuelen, mussen dem Procureur d'Etat, deen territorial fir si zoustänneg ass, de Grond matdeelen, mat den néidege Beleeger, firwat si net kënne wiele goen. Ass de Fait, datt een net wiele geet, net justifiéiert, gëtt ee mat enger Geldbouss bestrooft. Am Fall vun enger Widderhuelung verschäerft sech d'Strof.

Vum Gesetz hir entschëllegt sinn déi Wieler, déi, den Ament vun de Walen, hire Wunnsëtz an enger anerer Gemeng hunn ewéi déi, an där se opgeruff sinn, wielen ze goen an d'Wieler, déi iwwer 75 Joer al sinn.

Deklaréieren, datt een net kann un de Chamberwalen deelhuelen

Bréifwal

All d'Wieler, déi op de Wielerlëschten agedroe sinn, si bei de Chamberwale fir d'Bréifwal zougelooss.

Geheimwalen

D'Wale si geheim.

De Prinzip vum geheime Vott steet net ausdrécklech an der Verfassung, mee d'Walgesetz gesäit eng ganz Rei detailléiert Formalitéite vir, fir en ze schützen.

D'Ofstëmmung

D'Wieler wielen am Chef-lieu vun där Gemeng, an där se wunnen oder an den Uertschaften, déi duerch en Arrêté grand-ducal fir de Vott festgeluecht goufen.

Den Dag vun de Walen däerfen d'Wieler vun 8 Auer moies bis 14 Auer nomëttes wiele goen.

De Wieler muss sech mat senger Identitéitskaart oder sengem Pass am Walbüro presentéieren. D'Presentéiere vun der Convocatioun ass net obligatoresch.

Jiddwer Wieler däerf esou vill Stëmme verginn ewéi Deputéiert a sengem Walbezierk ze wiele sinn.

De Vott kann entweder duerch eng Lëschtestëmm oder duerch d'Wiele vu perséinleche Stëmmen ausgedréckt ginn.

Fir datt säi Stëmmziedel gülteg ass, däerf de Wieler, dee mat enger Lëschtestëmm wielt, keng weider Stëmm ofginn, ausser d'Lëscht, déi hie geschwäerzt huet, huet manner Kandidaten ewéi d'Zuel vun Deputéiert, déi a sengem Walbezierk ze wiele sinn.

Deejéinegen, deen eenzel Kandidate wielt, däerf déi op enger eenzeger Lëscht oder op verschiddene Lëschten auswielen, ouni dobäi awer méi Stëmmen ze verginn ewéi Sëtz zur Verfügung stinn.

Hie kann all Kandidat zwou Stëmme ginn, ouni awer iwwer den Total vu Stëmmen, déi en zur Verfügung huet, erauszegoen.

Verdeelung vun de Sëtz

Verdeelung vun de Sëtz op d'Lëschten

D'Verdeelung vun de Sëtz op d'Lëschte gëtt proportional zur Gesamtzuel vun de Stëmme gemaach, déi all Lëscht kritt.

Fir unzefänke gëtt eng éischt Verdeelung gemaach. Den Total vun de gültege Stëmme gëtt duerch d'Zuel vun den Deputéiert gedeelt, déi am Walbezierk kënne gewielt ginn, +1. Déi ganz Zuel, déi direkt méi héich ass wéi de Quotient, deen esou erreecht gëtt, heescht "Stëmmequot". Dono dividéiert een d'Zuel vun de Stëmmen, déi eng Lëscht krut, duerch d'Stëmmequot, fir d'Zuel vun de Sëtz vun der Lëscht gewuer ze ginn.

Wann d'Sëtz net all op déi Aart a Weis kënne verdeelt ginn, kënnt et zu enger zousätzlecher Verdeelung. Et dividéiert een dann d'Zuel vun de Lëschtestëmmen duerch d'Zuel vun de Sëtz, déi erauskommen, + 1. D'Lëscht, déi déi héchsten Zuel erreecht, kritt dann de Rescht vun de Sëtz.

Beispill, fir d'Verdeelung vun de Sëtz ze illustréieren:

Lëscht A 53.216 Stëmmen
Lëscht B 23.015 Stëmmen
Lëscht C 30.182 Stëmmen
-----------------------------
Total 106.413 Stëmmen

Éischt Verdeelung:

106.413 (Zuel vun de gültege Stëmmen): [6 (Zuel vun den Deputéiert, déi kënne gewielt ginn) + 1]
106.413 : 7 = 15.201,85

15.201,85 no uewen opgerënnt = 15.202 = Stëmmequot

Zuel vun de Sëtz fir d'Lëscht A:
53.216 : 15.202 = 3 Sëtz

Zuel vun de Sëtz fir d'Lëscht B:
23.015 : 15.202 = 1 Sëtz

Zuel vun de Sëtz fir d'Lëscht C:
30.182 : 15.202 = 1 Sëtz

Total vun de verdeelte Sëtz: 3+1+1= 5 Sëtz

Et mussen awer 6 Deputéiert gewielt ginn. Also muss nach ee Sëtz verdeelt ginn. Doduerch kënnt et zu enger zousätzlecher Verdeelung.

Zousätzlech Verdeelung:

Lëscht A: 53.216 : 3 Sëtz +1
53.216 : 4 = 13.304

Lëscht B: 23.015 : 1 Sëtz +1
23.015 : 2 = 11.507

Lëscht C: 30.182 : 1 Sëtz +1
30.182 : 2 = 15.091

D'Lëscht C kritt dee Sëtz, deen iwwereg bliwwen ass, well si déi héchsten Zuel bei der Rechnung fir d'zousätzlech Verdeelung krut.

Verdeelung vun de Sëtz tëschent de Kandidaten

D'Sëtz ginn un déi Kandidate verdeelt, déi déi meeschte Stëmme kruten. Wann et e Gläichstand bei de Stëmme gëtt, kritt dee Kandidat d'Virrecht, deen de President vum Haaptbüro vum Walbezierk duerch Verlouse bestëmmt.

D'Resultat vun der gesamter Auszielung vun de Stëmmen an d'Nimm vun de gewielte Kandidate ginn dono ëffentlech vum Bürospresident proklaméiert.

Offiziell Proklamatioun vun de Resultater

Esoubal d'Walbüroen zou sinn, läit et an der Verantwortung vum Zentralbüro vun der Regierung, sech vun den Haaptwalbüroe vun de Gemengen iwwer d'Walresultater an all Gemeng informéieren ze loossen. Op der Basis vun dëse Resultater bestëmmt den Zentralbüro um Dag selwer vun de Walen déi inoffiziell Walresultater.

Déi offiziell Resultater gi vum President vum Haaptbüro vun all Walbezierk proklaméiert. Dës Resultater gi vun der Chamber validéiert.