Bréifwal

Gemengewalen

Wie ka mat Bréifwal wielen?

All d'Wieler, déi an de Wielerlëschte stinn, kënnen eng Demande fir d'Bréifwal bei de Gemengewalen areechen.

Wéi muss ee virgoen, fir mat Bréifwal kënnen ze wielen?

De Wieler, dee mat Bréifwal wëllt wielen, muss de Schäfferot vun der Gemeng wou hien ugemellt ass doriwwer informéieren a säi Convocatiounsbréif entweder elektronesch iwwer eng geséchert staatlech Plattform, mat engem einfache Bréif oder mat engem virgedréckte Formulaire, deen e bei senger Gemengeverwaltung kritt, ufroen.

Wat muss an der Demande stoen, déi un d'Gemeng geriicht gëtt?

An der Demande mussen den Numm, de Virnumm, de Gebuertsdag, de Gebuertsuert an de Wunnsëtz vum Wieler stoen, gradesou wéi d'Adress, op déi de Convocatiounsbréif soll geschéckt ginn.

Wat sinn d'Delaien, déi mussen agehale ginn, fir d'Bréifwal unzefroen?

Wann de Convocatiounsbréif soll op eng Lëtzebuerger Adress geschéckt ginn, muss d'Demande heifir elektronesch gemaach ginn oder se muss mat der Post un de Schäfferot adresséiert ginn, an dëst, fir gülteg ze sinn, fréistens 12 Wochen a spéitstens 25 Deeg virum Dag vun de Walen.

Wann de Convocatiounsbréif soll un eng Adress am Ausland geschéckt ginn, ass den Delai, fir d'Demande ze maachen, fréistens 12 Wochen a spéitstens 40 Deeg virum Dag vun de Walen.

Wéini kritt een de Convocatiounsbréif?

Wann den Demandeur d'Konditioune fir de Wieler erfëllt, schéckt de Schäfferot him de Convocatiounsbréif

  • spéitstens 15 Deeg virun de Walen, wann de Convocatiounsbréif soll op eng Lëtzebuerger Adress geschéckt ginn;
  • spéitstens 30 Deeg virun de Walen, wann de Convocatiounsbréif soll op eng Adress am Ausland geschéckt ginn.

De Convocatiounsbréif gëtt als ageschriwwene Bréif geschéckt.

Wann den Demandeur d'Konditioune fir d'Bréifwal net erfëllt, deelt de Schäfferot him säi Refus mat

  • spéitstens 20 Deeg virun de Walen, wann de Convocatiounsbréif soll op eng Lëtzebuerger Adress geschéckt ginn,
  • spéitstens 35 Deeg virun de Walen, wann de Convocatiounsbréif soll op eng Adress am Ausland geschéckt ginn. 

Wat steet am Convocatiounsbréif?

Am Convocatiounsbréif fënnt een d'Lëscht vun de Kandidaten an d'Instruktioune fir de Wieler, eng Walenveloppe an e Stëmmziedel, uerdnungsgeméiss gestempelt, gradesou wéi eng Enveloppe fir d'Zeréckschécke vun der Walenveloppe, op där "Elections – Vote par correspondance" steet, den Hiweis, ënne riets, op de Walbüro, deen zoustänneg ass, an d'Nummer, den Numm, de Virnumm an d'Adress vum Wieler.

Wéi gëtt de Stëmmziedel ausgefëllt?

D'Wieler fëllen de Stëmmziedel konform zu den Instruktioune fir d'Wieler aus.

Wéi gëtt de Stëmmziedel zeréckgeschéckt?

De Stëmmziedel muss esou un de Walbüro zeréckgeschéckt ginn, wéi et am Convocatiounsbréif beschriwwen ass. Fir e fortzeschécken, stécht de Wieler säi gefaalte Stëmmziedel, mam Stempel no baussen, an d'Walenveloppe. Da stécht en dës Enveloppe an d'Enveloppe fir zeréckzeschécken a schéckt dat Ganzt als einfache Bréif fort.

D'Enveloppë mam Stëmmziedel mussen den Dag vun de Wale spéitstens um 14 Auer nomëttes am Walbüro, deen zoustänneg ass, ukomm sinn.