Wielen

Wéi vill Deputéiert gëtt et bei de Chamberwalen ze wielen?

D'Zuel vun den Deputéierten, déi ze wiele sinn, hänkt vum Walbezierk of, an deem de Wieler säi Wunnsëtz huet. D'Zuel vun den Deputéiert ass esou festgeluecht:

  • Walbezierk Süden: 23 Deputéiert;
  • Walbezierk Zentrum: 21 Deputéiert;
  • Walbezierk Norden: 9 Deputéiert;
  • Walbezierk Osten: 7 Deputéiert.
Muss ech wielen?

De Vott ass obligatoresch fir all d'Wieler, déi an de Wielerlëschten ageschriwwe sinn. All d'Wieler, déi op de Wielerlëschte stinn, kréien automatesch eng Convocatioun a musse wiele goen. Allerdéngs sinn d'Wieler, déi méi ewéi 75 Joer hunn, net verflicht fir wielen ze goen, esouguer wann se eng Convocatioun kruten.

Sinn ech als Lëtzebuerger, dee säi Wunnsëtz am Ausland huet, verflicht fir wielen ze goen?

Lëtzebuerger, déi hire Wunnsëtz am Ausland hunn, sinn net verflicht, sech un de Walen ze bedeelegen. Si sinn allerdéngs fir d'Bréifwal bei de Chamberwalen zougelooss, wann se d'Demande heifir maachen.

Wat muss ee maachen, wann een den Dag vun de Walen net ka wiele goen?

Déijéineg, déi net kënnen un der Wal deelhuelen, mussen dem Procureur d'Etat, deen territorial fir si zoustänneg ass, de Grond matdeelen, mat den néidege Beleeger, firwat si net kënne wiele goen. Ass de Fait, datt een net wiele geet, net justifiéiert, gëtt ee mat enger Geldbouss bestrooft. Am Fall vun enger Widderhuelung verschäerft sech d'Strof.

Vum Gesetz hier entschëllegt sinn:

  • déi Wieler, déi, den Ament vun de Walen, hire Wunnsëtz an enger anerer Gemeng hunn, ewéi déi, an där se opgeruff sinn, wielen ze goen;
  • d'Wieler, déi méi ewéi 75 Joer al sinn.
Gëtt et d'Méiglechkeet, fir iwwer eng Procuratioun wielen ze loossen?

Nee, kee Wieler, deen an enger Wielerlëscht agedroen ass, däerf sech vertriede loossen.

Däerf een zu Lëtzebuerg elektronesch wielen?

Nee, den elektronesche Vott ass zu Lëtzebuerg net erlaabt.

Wat sinn d'Konsequenzen, wann een net wiele geet (Geldboussen)?

Wann een eng éischte Kéier ongerechtfäerdegt net wiele geet, kann ee mat enger Geldbouss vun 100 bis 250 Euro bestrooft ginn. Bei enger Widderhuelung an de fënnef Joer no där Veruerteelung läit d'Geldbouss bei 500 bis 1.000 Euro.

Wéini gëtt e Stëmmziedel als ongülteg ugesinn?

Ongülteg si Stëmmziedelen, op deene méi Stëmmen ofgi goufen ewéi Kandidaten ze wiele sinn; déi, deenen hir Form a Gréisst verännert goufen, tëschent deenen e Pabeier oder e Géigestand stécht, oder op deenen den Auteur duerch en Zeechen, eppes, wat en duerchsträicht oder duerch eng Markéierung, déi vum Gesetz hir net zougelooss ass, sech kéint ze erkenne ginn. Déi ongülteg Stëmmziedele gi beim Festleeë vun der Stëmmenzuel net berücksichtegt.

Aktualiséiert