Froen an Äntwerten - Chamberwalen

Wat sinn d'Delaien, déi mussen agehale ginn, fir d'Bréifwal fir d'Chamberwalen unzefroen?

Wann de Convocatiounsbréif soll op eng Lëtzebuerger Adress geschéckt ginn, muss d'Demande heifir elektronesch gemaach ginn oder se muss mat der Post un de Schäfferot adresséiert ginn, an dëst, fir gülteg ze sinn, fréistens 12 Wochen a spéitstens 25 Deeg virum Dag vun de Walen.

Wann de Convocatiounsbréif soll un eng Adress am Ausland geschéckt ginn, ass den Delai, fir d'Demande ze maachen, 40 Deeg virum Dag vun de Walen.

Wat muss ee maachen, wann een den Dag vun de Walen net ka wiele goen?

Déijéineg, déi net kënnen un der Wal deelhuelen, mussen dem Procureur d'Etat, deen territorial fir si zoustänneg ass, de Grond matdeelen, mat den néidege Beleeger, firwat si net kënne wiele goen. Ass de Fait, datt een net wiele geet, net justifiéiert, gëtt ee mat enger Geldbouss bestrooft. Am Fall vun enger Widderhuelung verschäerft sech d'Strof.

Vum Gesetz hier entschëllegt sinn:

  • déi Wieler, déi, den Ament vun de Walen, hire Wunnsëtz an enger anerer Gemeng hunn, ewéi déi, an där se opgeruff sinn, wielen ze goen;
  • d'Wieler, déi méi ewéi 75 Joer al sinn.
Wat sinn d'Konditiounen, fir bei de Chamberwalen däerfen ze wielen?

Fir bei de Chamberwalen däerfen ze wielen, muss een:

  • d'Lëtzebuerger Nationalitéit hunn;
  • um Dag vun de Walen 18 Joer al sinn;
  • iwwer seng biergerlech a politesch Rechter verfügen;
  • säi Wunnsëtz zu Lëtzebuerg hunn; Lëtzebuerger mat Wunnsëtz am Ausland kënnen iwwer Bréifwal deelhuelen.
Wéi sinn d'Ëffnungszäite fir wielen ze goen?

D'Wieler kënne vu moies 8 Auer bis nomëttes 14 Auer wiele goen.

Aktualiséiert