Wielen

Wéi vill Gemengeconseillere gëtt et bei de Gemengewalen ze wielen?

D'Zuel vun de Gemengeconseilleren hänkt vun der Zuel vun de Gemengebierger of. Si ass ëmmer ongerued.

D'Gemengeréit, zu deenen och d'Memberen aus dem Schäfferot gehéieren, sinn deemno zesummegesat aus:

  • 7 Memberen an deene Gemengen, déi net méi ewéi 999 Awunner hunn;
  • 9 Memberen an de Gemenge mat 1.000 bis 2.999 Awunner;
  • 11 Memberen an de Gemenge mat 3.000 bis 5.999 Awunner;
  • 13 Memberen an de Gemenge mat 6.000 bis 9.999 Awunner;
  • 15 Memberen an de Gemenge mat 10.000 bis 14.999 Awunner;
  • 17 Memberen an de Gemenge mat 15.000 bis 19.999 Awunner;
  • 19 Memberen an de Gemenge mat 20.000 Awunner a méi; mat Ausnahm vum Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg, deen sech aus 27 Memberen zesummesetzt.

D'Zuel vun de Gemengeconseilleren an all Gemeng gëtt duerch e Règlement grand-ducal definéiert. Jiddwer Wieler däerf esou vill Stëmme verginn ewéi Conseilleren ze wiele sinn.

D'Zuel vun de Gemengeconseilleren an all Fusiounsgemeng gëtt duerch dat respektiivt Fusiounsgesetz definéiert.

Wat sinn déi 2 verschidde Walmodussen?

Jiddwer Gemeng oder Gemengesektioun, déi et a verschidde Fusiounsgemenge gëtt, bilt ee Walbezierk. All d'Wieler aus enger Gemeng droen zesummen zur Wal vun de Membere vum Gemengerot bäi.

An de Gemengen zu Lëtzebuerg mat manner ewéi 3.000 Awunner gëtt nom Majorzsystem gewielt. Jiddwer Wieler däerf esou vill Stëmme verginn, ewéi et Conseillere fir an de Gemengerot ze wiele gëtt. De Wieler stëmmt, andeem en e Kräiz (+ oder x) an d'Case mécht, déi niewent dem Numm vun all Kandidat steet, deen hie wielt.

An de Gemenge mat op d'mannst 3.000 Awunner gëtt nom Proporzsystem gewielt. Jiddwer Wieler däerf esou vill Stëmme verginn, ewéi et Conseilleren ze wiele gëtt. Hie kann all Kandidat zwou Stëmme ginn, ouni awer iwwer den Total vu Stëmmen, déi en zur Verfügung huet, erauszegoen. De Wieler, deen de wäisse Krees uewen op der Lëscht schwäerzt, stëmmt dës Lëscht an hirer Gesamtheet a gëtt domat all Kandidat op der Lëscht eng Stëmm. Jiddwer Kräiz (+ oder x), dat an enger Case hanner dem Numm vun de Kandidate steet, zielt als Stëmm fir deejéinege Kandidat.

Muss ech wielen?

De Vott ass obligatoresch fir all d'Wieler, déi an de Wielerlëschten ageschriwwe sinn. D'Wieler kënnen sech net vertriede loossen. Et däerf kee stëmmen, deen net bis de 87ten Dag virum Dag vun de Walen op de Wielerlëschte steet, mat der Ausnahm vun deenen Aschreiwungen, déi opgrond vun enger Reklamatioun erakommen oder duerch d'Ausübe vun engem Rechtsmëttel, dat vum Gesetz virgesinn ass. D'Lëtzebuerger ginn automatesch an d'Wielerlëscht vun hirer Gemeng agedroen, esoubal se déi gefuerdert Konditiounen erfëllen, déi d'Gesetz virschreift, fir däerfen ze wielen. Vum Gesetz hir entschëllegt sinn déi Wieler, déi, den Ament vun de Walen, hire Wunnsëtz an enger anerer Gemeng hunn ewéi déi, an där se opgeruff sinn, wielen ze goen an d'Wieler, déi iwwer 75 Joer al sinn.

Als Lëtzebuerger mat Wunnsëtz am Ausland, däerf ech do wiele goen?

Fir bei de Gemengewalen däerfen ze wielen, muss e Lëtzebuerger säi Wunnsëtz zu Lëtzebuerg hunn.

Wat muss ee maachen, wann een den Dag vun de Walen net ka wiele goen?

Déijéineg, déi net kënnen un der Wal deelhuelen, mussen dem Procureur d'Etat, deen territorial fir si zoustänneg ass, de Grond matdeelen, mat den néidege Beleeger, firwat si net kënne wiele goen. Ass de Fait, datt een net wiele geet, net justifiéiert, gëtt ee mat enger Geldbouss bestrooft. Am Fall vun enger Widderhuelung verschäerft sech d'Strof.

Vum Gesetz hier entschëllegt sinn:

  • déi Wieler, déi, den Ament vun de Walen, hire Wunnsëtz an enger anerer Gemeng hunn, ewéi déi, an där se opgeruff sinn, wielen ze goen;
  • d'Wieler, déi méi ewéi 75 Joer al sinn.
Gëtt et d'Méiglechkeet, fir iwwer eng Procuratioun wielen ze loossen?

Nee, kee Wieler, deen an enger Wielerlëscht agedroen ass, däerf sech vertriede loossen.

Wat sinn d'Konsequenzen, wann een net wiele geet (Geldbouss)?

Wann een eng éischte Kéier ongerechtfäerdegt net wiele geet, kann ee mat enger Geldbouss vun 100 bis 250 Euro bestrooft ginn. Bei enger Widderhuelung an de fënnef éischte Joer no där Veruerteelung läit d'Geldbouss bei 500 bis 1.000 Euro.

Wien ass vum Vott ausgeschloss?

Et kënne weder wielen, nach sinn se eligibel:

  • strofrechtlech Veruerteelter;
  • Persounen, déi opgrond vun enger Veruerteelung vum Geriicht hiert Walrecht verluer hunn;
  • Erwuessener, déi ënner Tutelle stinn.
Wéini gëtt e Stëmmziedel als ongülteg ugesinn?

Ongülteg si Stëmmziedelen, déi net esou sinn ewéi déi, déi vum Gesetz virgesi sinn; déi, op deene méi Stëmmen ofgi goufen ewéi Conseilleren ze wiele sinn; déi, deenen hir Form a Gréisst verännert goufen, tëschent deenen e Pabeier oder e Géigestand stécht, oder op deenen den Auteur duerch en Zeechen, eppes, wat en duerchsträicht oder duerch eng Markéierung, déi vum Gesetz hir net zougelooss ass, sech kéint ze erkenne ginn. Déi ongülteg a wäiss Stëmmziedele gi beim Festleeë vun der Stëmmenzuel net berücksichtegt.

Gëtt et den elektronesche Vott zu Lëtzebuerg?

Nee, den elektronesche Vott gëtt et net zu Lëtzebuerg.

Aktualiséiert